Chrëschtdag kënnt ëmmer méi no! Beim Kafe vun de Kaddoen ass et wichteg, sech net an eng finanziell geféierlech Situatioun ze bréngen.

Lauschtert eran

De ganze Chrëschtdags-Budget beleeft sech an der Moyenne op ëm déi 500 Euro pro Stot. Dat ass e grousse Betrag an engem Stot an et ass ni ze spéit, de Festdagsbudget gutt ze geréieren! Et geet drëm, sech net ze ruinéieren oder sech finanziell an eng geféierlech Lag ze beginn. Well dat kéint engem d'Freed un de Festdeeg gelleg verdierwen.

Firwat soll ech e Budget erstellen? D'Äntwert ass relativ einfach, fir datt Dir Är Ausgaben optiméieren - dat heescht am Kloertext, reduzéieren -  kënnt, fir datt Dir net an déi rout Zuele kommt oder am leschten Ament riskéiert enttäuscht ze ginn.

Mee wéi mécht een dat? Et ass un Iech, fir déi Manéier ze fannen, déi Iech am beschten zouseet a Funktioun vun deem wat zu Iech passt: eng App, eng Ausgabentabell op Pabeier, en Tabellekalkulatiounsprogramm, Notizen op Ärem Smartphone, Post-its op Ärem Frigo... Et gi vill Manéieren, fir Äre Budget ze organiséieren an eng Tabell mam Akommes an den Ausgaben ze maachen. Rechent och mat an, datt Chrëschtdag awer eng Geleeënheet ass, fir aussergewéinlech, spontan, scho bal zwanghaft Ausgaben ze maachen: Plangt dat mat an a kalkuléiert grousszigeg!

Wann Dir Iech eng Lëscht mat den noutwendegen Akeef fir Chrëschtdag maacht, hëlleft dat Iech, e kloeren Iwwerbléck ze behalen an näischt ze vergiessen. Dir musst nieft dem Iessen an all de Liewensmëttelakeef och un d'Kaddoen denken, an net ze vergiessen, d'Deplacementer (ob mam Zuch, Auto, Fliiger oder engem aneren deieren Transportmëttel), d'Aktivitéiten am Kader vun de Festlechkeete fir Sylvester... et si vill Ausgaben.

Kalkuléiert och bei Ären Akeef eng gewësse Flexibilitéit an Ärem Zäitplang mat an. Fir en Iesse musst Dir zum Beispill gewësse Saachen am leschte Moment besuergen, ewéi z. B. Patisserien. Fir et nach eng Kéier ze soen, trennt déi noutwendeg vun de fakultativen Ausgaben.

Verschidde Kaddoe kënnt Dir schonn am Viraus aplangen. Esou gewannt Dir Zäit, fir d'Präiser ze vergläichen an déi bescht Léisung a Funktioun vun Ärem Budget ze fannen. Doduerch kënnt Dir och Zäit spueren, fir net am leschte Moment an der Hetz ze sinn.

Wärend de Festdeeg proposéiere vill Verkeefer, Online-Geschäfter an aner E-Shops besonnesch Transaktiounen an aner Promotiounen. Et muss een also opmierksam sinn an op déi gutt Affäre laueren. Verschidden Online-Butteker erlaben och Zougang zu Pre-Solden an aner privat Verkeef wärend de Festdeeg: meeschtens geet et duer, wann ee sech anschreift, fir Zougang ze kréien. Zu gudder Lescht, denkt drun, d'Promotiounscoden an d'Reduktiounscouponen um Internet duerchzekucken, heiansdo kann een domat vill Sue spueren!

Cashback-Sitë sinn och eng gutt Method fir ze spueren. Iwwer dës Sitë kann een, iwwer eng Affiliatioun, Reduktiounen an Akafsbonge kréien. Dës kënnt Dir fir d'Festdeeg effikass notzen.

Bereet also besser Äre Chrëschtdags-Budget schonn am Viraus vir, a maacht Iech Äre Silvester esou schéin ewéi méiglech!