Vill Leit froe sech, ob et schwéier ass, de grousse Schrëtt an d'Selbstännegkeet ze maachen oder seng eege Firma ze grënnen.

Lauschtert eran

Dir hutt Loscht, Är eegen Entreprise opzebauen an Ären eegene Chef ze ginn? Dir hutt de Marché an d'Konkurrenz analyséiert? Dir hutt Äre Geschäftsmodell an Är Maartstrategie gewëssenhaft ausgeschafft? Elo braucht Dir nëmmen nach ze starten. Mee wéi musst ee virgoen? Ass et komplizéiert, sech hei zu Lëtzebuerg selbstänneg ze maachen?

Déi éischt Manéier, seng Entreprise ze grënnen, ass de Statut vum Independant unzehuelen, wat hei am Land relativ verbreet ass. Dës Léisung ass mat wéineg Formalismus verbonnen. Den Independant schafft op säin eegene Kont, ouni mussen eng eenzel Entreprise ze grënnen.

Fir kënnen als Independant ze schaffen, brauch ee kee Startkapital, ewéi bei der Grënnung vun enger Societéit op e Kont ze setzen. Et muss kee spezielle Grënnungsakt ënnerschriwwe ginn, et musse just einfach administrativ Demarchë gemaach ginn. Et muss een awer eng Autorisation d'etablissement beim Wirtschaftsministère ufroen, déi op Basis vun de Justificatifen, déi fir d'Beruffsausübung gebraucht ginn, ausgestallt gëtt. D'Unerkennung vun Diplomen an d'Urechnung vu Beruffserfarung sinn hei eventuell en Thema.

Den Independant brauch och eng TVA-Nummer, fir kënnen TVA op enger Rechnung ze facturéieren. Ënner engem gewëssen Ëmsazbetrag muss awer keng TVA facturéiert ginn.

Am Géigesaz zu engem Salarié muss den Independant all seng Sozialversécherungskäschte selwer droen. E muss beim CCSS ageschriwwe sinn, wouduerch hien an déi verschidden Assurancen abezuele kann, ënner anerem an d'Pensiounskeess. E muss och, jee no Beruff, an eng speziell Assurance accident cotiséieren.

En huet déi selwecht Rechter ewéi d'Salariéen, wat d'Pensioun, de Congé de maternité an de Congé parental ubelaangt. Am Fall vun Aarbechtsonfäegkeet ginn d'Indemnitéiten nom véierte Mount iwwerwisen. Am Fall vu Chômage kann en ënner gewësse Bedéngungen indemniséiert ginn.

Eng zweet Méiglechkeet ass, eng eege Societéit ze grënnen. Déi zwou heefegst Forme vu kommerziellen Entreprisen hei am Land sinn d'SARL an d'SA.

Fir d'Societéit mat beschränkter Haftung, d'Sàrl, brauch een e Kapital vun 12 000 Euro an op d'mannst 2 Aktionären. De Geschäftssëtz muss am Grand Duché sinn, den Dirigeant brauch keng Lëtzebuerger Nationalitéit. Fir dës Form vu Societéit ass e gewësse Formalismus noutwendeg an d'Societéit muss verschidde Steiere bezuelen, ënner anerem e festen Droit d'enregistrement, eng Gewerbesteier, Verméigenssteier, Kierperschaftssteier an eng TVA-Erklärung ausfëllen.

Eng vereinfacht SARL kann op Basis vun engem privatschrëftlechte Vertrag gegrënnt ginn. D'Kapital ëmfaasst tëschent 1 an 11 999 Euro.

Fir eng Société Anonyme, eng Kapitalgesellschaft, brauch een e Kapital vun 30 000 Euro. Een Aktionär geet duer. Dës Form vu Societéit ass éischter fir grouss Entreprisë geduecht, kann awer och fir eng kleng oder mëttelgrouss Entreprise gewielt ginn.

Sidd Der prett, de Schrëtt an d'Selbstännegkeet ze maachen?