En Enoprimm-Programm ass ee Subventiounsprogramm, deen Energieaspuerunge belount, déi Dir an Ärem Logement, hei am Land, maacht.

Lauschtert eran

Proprietär oder Locataire vun engem Haus oder engem Appartement - denkt un d'Enoprimes fir Är energeetesch Sanéierungsprojeten! Am Kader vun den europäeschen Objektiver fir d'Steigerung vun der Energieeffizienz bis 2030, belount dëse Subventiounsprogramm Energieaspuerungen, déi Dir an Ärem Logement, hei am Land, maacht. Äre Verbrauch geet erof an Dir profitéiert zousätzlech vun enger Primm, déi Ären Investitiounsbetrag reduzéiert. Domat gewannt Dir duebel!

Wann sech Är Wunneng hei am Land befënnt a wann Är Aarbechten d'Isolatioun vun de Baussewänn vum Gebai, e besseren Heizungssystem oder eng besser Ventilatioun betreffen, dann ass den Enoprimes-Programm fir Iech gemaach! Dank dëse Moossname fir d'Steigerung vun der Energieeffizienz, kënnt Dir net nëmmen Ären Energieverbrauch mee och Är Investitiounskäschte reduzéieren.

Fir vill Moossname kann eng Finanzhëllef ugefrot ginn. Zum Beispill:

-        Austausch vun Heizungsanlagen

-        Thermesch Isolatioun vun der Baussewand

-        Thermesch Isolatioun vum Dach / Daachbuedem

-        Thermesch Isolatioun vun der Buedemplack

-        Ersetze vun de Fënsteren

-        Installatioun vu Solaranlagen mat oder ouni Heizungsënnerstëtzung

-        Installatioun vun enger kontrolléierter Wunnraumbelëftung

Wéi kënnt Dir vum Enoprimes-Programm profitéieren? Näischt méi einfach ewéi dat: Dir musst just e Partnerbetrib auswielen, deen sech ëm all d'Demarchë këmmert! Wann den Handwierksbetrib Ären Devis preparéiert, mécht e gläichzäiteg eng Demande fir eng Primm. Dir kritt also Är Propositioun fir d'Primm zesumme mat Ärem Devis. Dir musst just dës Propositioun akzeptéieren an den Devis ënnerschreiwen. Déi eenzegt Bedéngung ass, datt Är Demande fir d'Primm agereecht gëtt éier Dir d'Commande fir Är Aarbechte maacht! Wann d'Aarbechte gemaach sinn, stellt den Handwierksbetrib den Dossier zesummen a reecht en der Ekipp vun Enoprimes zur Kontroll an. Wann den Dossier validéiert ass, gëtt d'Primm Iech vum Energiefournisseur, deen um Enoprimes-Programm deelhëlt, iwwerwisen.

De Montant vun all Primm gëtt op Basis vun de realiséierten Energieerspuernesser berechent. Zousätzlech zur Primm, déi Dir iwwerwise kritt, ginn Är Energierechnunge manner deier: Dir gewannt also eng zweet Kéier. Wat d'Aarbechten Ären Energieverbrauch méi senken, wat de Montant vun der Primm méi héich ass.

Am Laf vun de leschte 6 Joer hunn dës Mesuren ënner anerem derzou gefouert, 1,7 Twh anzespueren, den Equivalent vum järleche Verbrauch vu 425 000 Stéit (oder 280 000 Weltreesen am Elektroauto!). Et goufe méi ewéi 9 Milliounen Euro u Primmen ausbezuelt.

Ob et dorëm geet e Gebai ze renovéieren oder an d'Technologie, d'Prozesser oder d'Ausstattung ze investéieren, all Projete si gëeegent soulaang se d'Energieeffizienz verbesseren.

Also esouwuel fir de Planéit ewéi och fir Äre Portmonni ass et et wäert nach eng Kéier iwwer säin Energieverbrauch nozedenken!