Deen eegenen Auto verkafen ass natierlech mat verschiddenen administrative Prozedure verbonnen. Mir soen iech genau wéi eng dat sinn.

Lauschtert eran

Wéi verkafen?

All Besëtzer, dee säin Auto, deen hei zu Lëtzebuerg immatrikuléiert ass, verkafe wëll, ënnerläit heibäi de gültege Gesetzer. Déi staatlech Autoritéit, déi sech ëm de Weiderverkaf an d'Immatrikulatioun vu Gefierer hei zu Lëtzebuerg këmmert ass d'Société nationale de circulation automobile (SNCA).

Fir unzefänken ass et absolut wichteg, e Rechnungsdokument oder e Kafvertrag auszestellen, aus deem d'Identifikatioun vum Gefier, säin aktuelle Besëtzer a säin zukünftege Besëtzer kloer ervirginn. Et existéieren eng Onzuel vu Vertragsvirlagen um Internet. Dir musst esouwuel eng Kopie vun der Carte d'Identité vum Verkeefer ewéi och vum Keefer bäileeën.

Mee opgepasst: Et sinn aner Formalitéiten ze respektéieren, jee nodeem ob Äert Gefier den Territoire vum Land verléisst oder net:

Wann den Auto un e Resident verkaaft gëtt a seng lëtzebuergesch Immatrikulatioun behält, muss d'Demarche gemaach ginn, fir de Proprietär ze wiesselen.

Wann den Auto de Lëtzebuerger Territoire verléisst, muss een eng Declaration de Mise hors circulation ausfëllen. An dësem Fall kënnt Dir den entspriechende Formulaire iwwer de Site vun der SNCA eroflueden.

Wou verkafen?

E Concessionnaire oder e Garagist kann Iech eng attraktiv Offer fir Ären alen Auto maachen. eng Offer, déi definitiv nach méi interessant gëtt, wann Dir gläichzäiteg en neien Auto bei dësem Concessionnaire kaaft. Ausser datt et finanziell Virdeeler huet, ginn am Allgemengen och déi uewe beschriwwen administrativ Demarchë vum Concessionnaire iwwerholl.

Och wann et bei eis am Land manner verbreet ass ewéi an eisen Nopeschlänner, ginn et verschidde Garagen oder Mecanicienen, déi Ären alen Auto als Occasiounsauto géint eng Kommissioun verkafen. Am Allgemengen iwwerhuelen si och déi administrativ Käschten.

D'Internetsitte fir Occasiounsverkeef sinn och eng gutt Méiglechkeet säin Auto ze verkafen. Denkt drun, gutt Fotoen dervun an all néideg Informatiounen an d'Beschreiwung ze setzen, fir Är Chancen ze vergréissere kontaktéiert ze ginn.

Méi einfach ass et natierlech, wann Dir an Ärem Familljen- oder Bekanntekrees e Keefer hutt. Awer opgepasst, datt all Reegele befollegt ginn! E Mangel u Gewëssenhaftegkeet beim Verkaf kann heiansdo bei spéidere Schwieregkeeten zu Streidereie féieren.

Zu wéi engem Präis?

Zu wéi engem Präis kënnt Dir Ären Auto wierklech verkafen? Dat hänkt natierlech alles vun sengem Kilometerstand, sengem Allgemengzoustand an den eventuelle Reparaturen, déi mussen dru gemaach ginn, of. Fir de Wäert gewuer ze ginn, ginn et vill Sitten, déi Iech eng Orientatioun kënne gi fir de Präis anzeschätzen.

Och wann dës Schätzung nach esou verléisslech ass, domat geet et net duer. Dir wësst ganz sécher, datt d'Präisser um Occasiounsmaart verhandelt ginn. Egal wéi eng Method oder Verhandlungsstrategie Dir fir de Verkaf wielt, suergt derfir, datt Dir Ären Auto am beschten Zoustand, esouwuel wat d'Mechanik ewéi och wat d'Optik ubelaangt, presentéiert. Da verkeeft en sech ëmsou méi séier, an Dir kënnt