D'Aarbecht an d'Famill ënnert een Hutt ze kréien ass net esou evident. Ma mam Congé parental kënnt dir béides verbannen.

Lauschtert eran

Fir d'éischt emol däerf een de Congé parental net mam Congé de maternité, deen déi schwanger Fra betrëfft, an net mam Congé de paternité, deen de jonke Papp betrëfft an e Congé vun 10 Deeg ass, wann d'Kand gebuer gëtt, verwiesselen.

Den éischte Congé parental muss vum Papp oder der Mamm just nom Congé de maternité (oder, bei enger Adoptioun, direkt nom Congé d'accueil) geholl ginn. Anerefalls geet d'Recht op Congé parental verluer, zesumme mat der Indemnitéit, déi domat verbonnen ass (eng Ausnam gëtt et fir elengerzéiend Elteren).

Den zweete Congé parental ka méi spéit geholl ginn, mee muss zwéngend virum sechste Gebuertsdag vum Kand, oder bei engem adoptéierte Kand, viru sengen 12 Joer, ufänken. Den aneren Elterendeel ka säi Congé zur selwechter Zäit oder méi spéit ewéi säi Conjoint oder Partner huelen.

Den Typ vum Congé parental hänkt direkt vum Aarbechtsvertrag of, deen de Salarié huet, d. h. Voll- oder Deelzäit. Dat gëllt esouwuel fir Salariéen, déi hei am Land wunnen, ewéi och fir Frontalieren.

Wann Dir 40 Stonnen d'Woch schafft an deemno wéi Dir Äre Congé opdeelt, kann dësen tëschent 6 an 12 Méint daueren.

No der Gebuert vun engem Kand kënnen déi zwee Elteren e Congé parental fir dat selwecht Kand huelen, wann si hei am Land affiliéiert sinn an hei schaffen.

Bei Eenelterefamilljen huet den Elterendeel bei deem d'Kand lieft nëmmen d'Recht op ee Congé parental a muss de Congé parental net direkt nom Congé de maternité oder dem Congé d'accueil huelen, mee kann e méi spéit huelen. E muss awer säi Congé virum 6. Gebuertsdag vum Kand huelen.

Wann nëmmen een Elterendeel d'Recht op e Congé parental huet, haaptsächlech dowéinst, well den aneren net schafft, kann en tëschent dem 1. an dem 2. Congé parental wielen, deen e vum 1. Dag vun der 3. Woch nom Accouchement oder bei enger Adoptioun, vum Datum vum Adoptiounsurteel u kann huelen.

Ob Dir Fonctionnaire, Salarié, Léierbouf oder Léiermeedchen, Independant, Frontalier oder Resident sidd, wann Dir Mamm oder Papp gitt, hutt Dir d'Recht op e Congé parental. Fir dervun ze profitéieren, musst Dir verschidde Konditiounen erfëllen. Dir musst:

- obligatoresch bei der lëtzebuergescher Sozialversécherung affiliéiert sinn.

- op d'mannst 10 Stonnen d'Woch schaffen (all Aktivitéiten zesummegerechent).

- wärend dem ganzen Zäitraum vum Congé parental en Aarbechtsvertrag hunn (wann Dir Salarié sidd oder en Ausbildungsvertrag hutt).

Wärend dësem Zäitraum kritt een en Ersatzverdéngscht, dee vun der CAE ausbezuelt gëtt: Dat ass d'Indemnité de Congé parental. Dës gëtt berechent op Basis vun Ärem duerchschnëttlechen Akommes (dat fir Är Pensioun zielt) an de leschten 12 Méint. Fir Iech eng Iddi vun Ärem Bruttoakommes ze maachen, kënnt Dir de Rechner vun der CAE benotzen. Als Beispill, wann Dir Vollzäit schafft (40 Stonnen/Woch) an Dir och e Vollzäit-Congé-parental huelt, kënnt Dir erwaarden, tëschent 2071,10 € an 3451,83 € ze kréien.