Elo wou d'Fréijoer kënnt, kréie mir all Loscht op frësch a gutt Liewensmëttel. Mir soen iech wou der déi kritt.

Lauschtert eran

Elo wou d'Fréijoer kënnt, kréie mir all Loscht op frësch a gutt Produiten, déi manner Transport a Lagerung hannert sech hunn. Hei am Land heefen sech zënter e puer Joer Initiativen, fir eis genee dës frësch Produiten ze offréieren. Gudder an dacks och nach manner deier.

Eigentlech ass näischt méi einfach, ewéi säi Poulet um Bauerenhaff ze kafen, säi Geméis mat de Kanner eraushuelen ze goen oder seng Akeef an enger Kooperativ ze maachen!

Biergerinitiativen

No an no si solidaresch Initiativen entstanen fir de Verbraucher an de Producteur méi no ze bréngen. D'Zil dervun ass, héichqualitativ Liewensmëttelen zu engem räsonabele Präis ze offréieren, andeem d'Zuel vun den Intermediairë reduzéiert an déi lokal Produktioun privilegiéiert gëtt. Et fënnt een hei Drécheprodukter, frësch Produkter, Uebst- a Geméiskierf, Gedrénks an och Hygiènesprodukter. Richteg Mini-Supermarchéen, sozial engagéiert a mat faire Präisser! Verschidden Initiative si partizipativ. Bei verschiddenen, zum Beispill, muss ee Member ginn an dem Projet e bësse vu senger Zäit widmen, fir kënnen akafen ze goen.

Vereenegunge vu Geméisbaueren

D'AMAP (Association pour le maintien d'une agriculture paysanne) goufen an de leschte Joren hei am Land gegrënnt. Als Alternativ zur intensiver Landwirtschaft gëtt hei saisonaalt, biologescht Geméis ugebaut, esou no um Verbraucher ewéi méiglech. D'Membere vun der Kooperativ engagéieren sech fir d'Dauer vun enger Saison, fir esou de Producteuren e Revenu ze garantéieren. Et geet also net dorëm, seng Akeef pro Kilo ze bezuelen, mee en Abonnement ofzeschléissen. Et appreciéiert een déi kleng Virdeeler, déi de ganzen Ënnerscheed maachen!

Et ginn den Ament 4 AMAPs am Land (Terra an der Stad, Vum Gréis zu Bierchem, Krautgaart zu Käerch an Zäitgeméis zu Biekerech).

Lokal Producteuren

D'Land ass voll vu Bauerenhäff a Liewensmëttelproducteurë vun alle Secteuren. Vu Fleesch bis Kéisen iwwer artisanal produzéiert Deegwueren, Hunneg, Béier, d'Offer vu regional Produkter ass extreem räichhalteg. Fir de Producteur ze fannen, deen Dir braucht, lëscht den Akafsguide vun der Landwirtschaftskummer all nëtzlech Adressen op. Garantéiert frësch Produkter!

Gemeinschaftsgäert

Am Géigesaz zu Gemengegäert gi Gemeinschaftsgäert vun engem Grupp vu Bierger geréiert. Hir Missioun ass produktiv oder educativ, si vereenegen d'Bierger vun engem bestëmmte Quartier an hirem Wonsch, e Gaart op ekologesch Aart a Weis ze bestellen oder et ze léieren. Dës Gäert sinn esou e groussen Erfolleg, datt een sech heiansdo op eng Waardelëscht muss aschreiwen! Dir fannt Gemeinschaftsgäert an der Stad (Pafendall, Bouneweg, Péitruss, Gronn, Lampertsbierg, Beggen) an an anere Stied an Uertschafte vum Land (Suessem, Jonglënster, Uewerkuer, Nidderkuer, Déifferdeng, Beetebuerg, …).

Verkafspunkten, déi lokal Produkter privilegiéieren

Et ginn hei am Land verschidden Acteuren am Liewensmëttel-Secteur, déi op de Vertrib vu Lokalprodukter spezialiséiert sinn, ewéi zum Beispill Biosbutteker oder Heemliwwer-Servicer. Dës Verkafspunkte loossen sech séier un Internet nosichen. Op verschiddene Sitte kënnt Dir esouguer den ekologesche Foussofdrock vun Ärer Alimentatioun berechnen.

Et ass un Iech, fir déi Optiounen auszewielen, déi am beschten Äre Besoinen, Äre Wënsch an Äre Gewunnechten entspriechen!