D'Rayone vun de Supermarchéë si mat agepaakte Produite gefëllt, an den Online-Handel schéngt scho laang vum Verpackungswansinn befall ze sinn.

Fir d'aller éischt emol ginn et Haushaltsoffäll, déi sech besonnesch gutt recycléiere loossen.

Dorënner fält de Kartong, dee fir Verpackunge benotzt gëtt, wouraus ee kann neie Kartong maachen. Och aus Pabeier, Zeitungen, Brochuren, Zäitschrëfte kann ee meeschtens nei Zeitungen oder Hefter maachen. De Pabeierrecyclage ass dobäi besonnesch wichteg, well de Pabeierverbrauch ee vun de wichtegste Grënn fir d'Ofholzung ass, an dobäi gi 25 % vun de gedréckten Dokumenter bannent 5 Minutten, nodeem se gelies goufen, ewechgeheit.

Dorënner falen och Metaller, ewéi de Stol an den Aluminium vun eise Konservendousen, Béchsen a Spraydousen. Stol an Aluminium loossen sech onendlech oft recycléieren a kënnen an all Zorte vun Industriesecteuren erëmbenotzt ginn.

An da gëtt et schlussendlech nach d'Glas vun de Wäin-, Mëllech oder Jusfläschen, déi sech onendlech oft recycléiere loossen. Nodeem d'Glas grëndlech getrennt gouf, gëtt et zerriwwen a geschmolt fir nei Behälteren oder Glaswoll hierzestellen.

Gëfteg Offäll anerersäits, ewéi Medikamenter oder Batterië landen an engem speziellen Offallverwäertungssystem a ginn entweeder zerstéiert oder opbereet.

Wat wierklech e Problem duerstellt, ass de Plastik. Fir richteg, misst een iwwregens vu Plastiker am Pluriel schwätzen, well et dervu vill Zorte ginn, wouvun der vill net kënne recycléiert ginn. Tatsächlech sinn nëmme 5 Typpe vu Plastik recyclabel: de PVC, de Polyethylen, de Polystyren, de PET an de Propylen. Dat sinn haaptsächlech Plastiker, déi mir an eise Waasserfläschen oder a Flaconen vu Kosmetikprodukter virfannen. All Awunner hei am Land geheit an der Moyenne 52 kg Plastikoffäll d'Joer ewech! D'Zil vun der lëtzebuerger Regierung ass et, d'Benotzung vu Plastikverpackungen an den nächste Joren op 40 Säck pro Persoun pro Joer am Joer 2025 am Verglch zu aktuell 140 Säck ze reduzéieren. D'Verdeelung vu Plastikstute fir den eemolege Gebrauch an de Supermarchéen an anere Commercen ass vun elo un iwwregens verbueden.

A wat gëtt aus de Plastikoffäll? Wann si an der Sortéierungsanlag landen, ginn si zermuelen, gewäsch, gedréchent an ofgesift bis e Granulé entsteet aus deem Zännseef-Tüben, nei Fläschen, Parechocke fir Autoen, Fleece-Kleedung oder Wattéierung fir Bettdecken hiergestallt ginn.

Fir eng Tonn recycléierte Plastik spuert een 800 kg Petrolsueleg. Eng noutwendeg Léisung wann ee weess, datt 90 % vum weltwäiten Energieverbrauch op net erneierbare Ressourcë berout.

D'Gemengen offréieren hire Residenten och gratis Recyclingzenteren, wou si kënnen hir recycléierbar oder gëfteg Offäll an aner onbrauchbar Saachen hibréngen. Den Accès ass gratis an den Awunner vun der Gemeng virbehalen.

Dir fannt do och en Eck, wou Dir Är Objeten ofstelle kënnt, déi aner Leit kéinten interesséieren. Et ass eng gutt Iddi, well esou kann alles recycléiert ginn, ewéi z. B. Spillsaachen, Kannerkleeder oder Dekoratiounsobjeten, fir déi Dir keng Verwendung méi hutt, déi awer an engem gudden Zoustand an dofir ze schued sinn, fir ze entsuergen. Wee weess? Vläicht fannt Dir selwer esouguer gutt Affären, deenen Dir en zweet Liewe schenke kënnt?