Och wann d'Stad net wëlles huet eng autofräi Stad ze ginn, sinn d'Parkplazen awer limitéiert.

Lauschtert eran

Den Ament zielt d'Stad ongeféier 30 000 Parkplazen op der ëffentlecher Strooss an tëschent 11 000 an 12 000 Parkplazen a Parkhaiser (dat heescht déi Infrastrukturen, wou et méiglech ass d'Unzuel vun de verfügbare Parkplazen an Echtzäit, iwwer Internet ze gesinn). Am Verhältnis zur Awunnerzuel zielt d'Stad eng Stroosseparkplaz pro véier Awunner (Bréissel gëtt eng Plaz pro fënnef Awunner un).

Am Ganze ginn et 30 Parkingen an der Stad. Verschiddener si relativ kleng, mat ëm déi Honnert Plazen, anerer si vill méi grouss, mat bal 1 000 Parkplazen. Et gëtt eng „Parking“-App fir Smartphonen, wou Dir kënnt an Echtzäit d'Disponibilitéite vun den Haaptparkingen an der Stad gewuer ginn. Dir kënnt dës Parking-App op Äre Smartphone eroflueden.

Wann Dir Resident vun der Stad Lëtzebuerg sidd, kënnt Dir eng Vignette fir de Parking residentiell kréien. Mat dëser Vignette däerf ee gratis an ouni Zäitbeschränkung am Quartier, an deem ee wunnt, parken. Et ginn 3 verschidden Typpen: Joresvignetten, provisoresch Vignetten (déi 20 Deeg gëllen) oder fir Visiteuren (déi 3 Méint gëllen a 16 Euro kaschten).

Mee et gëtt deier. Wann een net Resident ass oder keng Zäit wëll verléiere vun engem (volle) Parking zum aneren ze fueren, dann heescht d'Léisung d'P+Ren: Eng schlau an ëmweltfrëndlech Iddi an déi méi bëlleg Léisung, besonnesch, wann Dir an der Stad schafft. D'Iddi derhanner ass, datt ee säin Auto parkt a mam ëffentlechen Transport, also mam Bus oder Tram an den Zentrum fiert ... zemools dës jo elo gratis sinn!

Et sinn och Partnerschaften tëschent Lëtzebuerg a sengen Nopeschlänner entstane fir méi P+Ren ze schafen. Dës gi vu verschidde grenziwwerschreidende Buslinnen ugefuer. Dir kënnt also och Covoiturage bis bei dës Parkinge maachen, esouguer wann Är Kollegen zu Lëtzebuerg mussen an eng aner Richtunge fueren.

Mat dëse P+Re kënnt Dir wäertvoll Zäit spueren. Am Allgemenge gutt ugebonnen an op strateegesche Plazen (no bei de grousse Verkéiersachsen zum Beispill), misst Dir zur Zäit op de Büro kommen – a virun allem entspaant!

Ausser datt et gutt fir Äre Portmonni ass, hëlleft Dir och dem Planéit. Wa mir Honnerten, oder besser nach Dausende sinn, déi eis Aart a Weis, fir eis fortzebeweegen änneren, kann dës kleng deeglech Gewunnecht sech séier an eng richteg konsequent Aktioun transforméieren.

Andeem Dir de P+R a manner verschmotzend Transportmëttele benotzt, drot Dir zu enger méi propperer Loft an enger méi agreabeler Stad bäi, mat manner Auspuffgasen a manner Getuuts!