Dir plangt, Iech pacsen ze loossen, oder Dir hutt et elo just gemaach? Häerzleche Gléckwonsch! Mir soen iech wat d'Virdeeler dat mat sech bréngt.

Lauschtert eran

De Partenariat, och PACS (pacte civil de solidarité) ass eng Form vun enger ziviller Unioun, déi tëschent zwou Persoune vu gläichem oder verschiddenem Geschlecht geschloss gëtt. D'Zil ass, datt d'Partner vun änleche Rechter kënne profitéieren ewéi bestuete Koppelen. Si bitt also net bestuete Koppelen esouwuel eng rechtlech Unerkennung ewéi och eng rechtlech Sécherheet am zivillen, steierlechen a sozialversécherungsrechtleche Beräich.

Als eng Unioun, déi manner verbindlech ass ewéi e Bestietnis, huet de PACS eng ganz Rëtsch vu Virdeeler. E bitt enger Koppel eng rechtlech Unerkennung, an engem Partner, eng sozial Ofsécherung, deen anescht keng hätt. Bei Steierfroe profitéieren d'Partner vun deene selwechte Virdeeler ewéi eng bestuete Koppel. Si kënne sech fir eng kollektiv Besteierung entscheeden, mee nëmmen an deem Joer, nodeem si gepacst goufen an ënner der Bedéngung, datt si wärend där Zäit ënner dem selwechten Daach zesummegelieft hunn. A ville Situatiounen bezuelt een duerch kollektiv Besteierung manner Steieren ewéi bei enger individueller Besteierung, well doduerch d'Steierlaascht reduzéiert ka ginn. Verschidde Steierofzich si majoréiert (Sollzënsen, Assurancëprimmen a -cotisatiounen, asw.) an et ass méiglech, ënner gewëssen Ëmstänn, vun engem ausserberufflechen Abattement ze profitéieren.

Allerdéngs ass déi kollektiv Besteierung, am Géigesaz zur wäit verbreeter Meenung, net systematesch méi virdeelhaft ewéi déi individuell Besteierung. Se kann esouguer heiansdo zu engem Iwwerschoss u Steiere féieren. Informéiert Iech bei Ärer Bank, fir datt Dir kënnt eng bewosst Entscheedung treffen.

En anere Virdeel, deen een net sollt ausser Uecht loossen: No dräi Joer Partenariat sinn d'Steiersätz op der Schenkungs- an Ierfschaftssteier déi selwecht ewéi bei enger bestueter Koppel. A grad ewéi eng bestuete Koppel, profitéieren d'Partner och vun de Congés extraordinaires.

Näischt ass méi einfach ewéi e Partenariat ofzeschléissen: Dir braucht nëmmen e Rendez-vous um Etat civil op Ärer Gemeng ze maachen an eng Kopie vun Ärer Identitéitskaart oder Ärem Pass matzehuelen an eng vollstänneg Kopie vun Ärem Gebuertsakt. D'Convention de partenariat gëtt de selwechten Dag virum Beamte vum Etat civil ënnerschriwwen an un de Parquet iwwermëttelt. De Partenariat kann och zu all Ament eesäiteg opgeléist ginn.

Mee opgepasst, wann Dir wëllt gemeinsame Besëtz hunn, musst Dir eng Convention patrimoniale opsetzen. Dësen Accord reegelt déi verméigensrechtlech Follege vum PACS: Et muss kee ganz formell redigéierte Vertrag sinn: den Inhalt ass fräi.

Gëtt et kee Vertrag, bleift all Partner Proprietär vun deem Besëtz, vun deem e ka beweisen, datt en em gehéiert, a vum Ertrag an de Revenuen, déi aus dësem Besëtz entstinn. Déi zwou Persoune kënne sech natierlech Donen iwwer Schenkungen oder en Testament maachen. Mee ouni Convention patrimoniale, kann ee Partner deen aneren net beierwen.

Kënnen dann och Frontalieren hire PACS hei am Land unerkenne loossen?

Natierlech! Wann Dir am Fall sidd, braucht Dir Iech nëmmen un de Parquet ze adresséieren, fir Äre Partenariat an den Etat civil androen ze loossen a vun de selwechte Virdeeler ze profitéieren ewéi Partner, déi sech hei zu Lëtzebuerg pacse gelooss hunn. Dir musst selbstverständlech Beleeger bei Ärer Demande virleeën: déi am Ausland agedroe Partenariatserklärung, eng vollstänneg Kopie vun Ärem Gebuertsakt an eng Kopie vun de Päss oder de Carte d'identitéen.

An natierlech: Felicitatiounen!