Wéi eng Assurancen brauch een, fir säi Besëtz a seng Famill optimal ze schützen? Et ass nämlech noutwendeg, sech maximal géint Risiken ofzesécheren!

Lauschtert eran

Wann een an en neit Land kënnt, ass et net ëmmer einfach ze wëssen, wéi eng Assurancen ee brauch, fir säi Besëtz a seng Famill optimal ze schützen.

Hei zu Lëtzebuerg si verschidden Assurancen obligatoresch

Un alleréischter Stell steet déi privat Haftflichtversécherung.

Dir an Är Famill kéint engem Drëtten e Schued verursaachen ... an dofir eng gepeffert Rechnung kréien. Fir Iech an Är Famill eng Haftflichtversécherung ofzeschléissen, ass déi bescht Méiglechkeet, Iech géint Problemer mat Drëtten ofzesécheren. D'Assurance deckt Iech – Iech an Är Famill – of, egal a wéi engem Kader, ob et sech ëm e Schued fir eng anerer Persoun duerch Äert Hausdéier, Är Haushalts- oder Gaardegeräter oder Äre Vëlo handelt – wat och ëmmer!

Si deckt och eventuell Accidenter, déi duerch Schnéi oder Glatäis virun Ärer Wunneng verursaacht goufen, of. Mee denkt ëmmer dorun, et ass Är Responsabilitéit, Ären Deel vum Trottoire fräizemaachen.

Déi zweet ass, wéi a quasi alle Länner op der Welt, d'Autosassurance. Dës Assurance betrëfft nëmmen d'Residenten a gëllt och fir Camionen, Motoen, kleng Motoen, Booter ... a Fligeren! Just Vëloe sinn ausgeholl!

Dës Assurance betrëfft d'Haftflicht an deckt d'Schied, déi engem Drëtten am Fall vun engem Accident entstinn, of. Zousätzlech Assurancen, géint Déifstall, Feier, Vandalismus an aner Schied, déi um Gefier kënnen entstoen, sinn net obligatoresch, mee kënne vun enger sougenannter Risikoversécherung ofgedeckt ginn. Dës Léisung kann interessant sinn, virun allem, wann Dir en neien Auto hutt, deen deier ass!

Wann Dir aus engem Land kommt, wou d'Autosassurance op engem Bonus-Malus-System berout – Erhéijung oder Reduzéierung vun Äre Primmen a Funktioun vun Ärem Behuelen hannert dem Steier – musst Dir vun Ärer viregter Assurancëgesellschaft eng Bescheinegung ufroen, aus där Äre Bonus-Malus-Koeffizient ervirgeet.

Eng Hausversécherung ass net vum Gesetz virgeschriwwen, ass awer staark ze recommandéieren, egal ob Dir Locataire oder Proprietär sidd. D'Wunnen ass zimmlech deier hei zu Lëtzebuerg, an all Schued un Ärem Appartement oder Ärem Haus ka ganz deier ginn. Zu de klassesche Garantien, déi eng Hausversécherung bitt, gehéiert de Schutz vun Ärer Wunneng an de Saachen, déi sech dora befannen (Miwwelen, elektronesch Apparater, asw.) géint Feier an domat verbonnen Evenementer (Blëtzaschlag, Schied um Elektresch, asw.), meteorologesch Ereegnesser oder Naturkatastrophen, Déifstall a Vandalismus, Bris de glace a Waasserschied. Jee no Versécherungsgesellschaft kënnt Dir och eng zousätzlech Garantie géint natierlech Risiken, ewéi Stierm, Knëppelsteng, Schnéi, Frascht an esouguer Äerdbiewen ofschléissen!

Huelt Iech dobäi gutt Zäit, déi eenzel Tariffer an ofgedeckte Risiken ze vergläichen! Et ass wichteg. Et bréngt näischt, ze gleewen, datt Dir géint alles verséchert sidd, just fir duerno erausfannen, datt Dir just géint eppes verséchert ass, wat ni antrëtt!