Wann een als Expat an en neit Land kënnt oder och als Frontalier ass et wichteg, wéi eng Bank ee wielt. Ma wat sinn hei genau d'Démarchen?

Lauschtert eran

Wann een als Expat an en neit Land kënnt oder och als Frontalier ass et wichteg, wéi eng Bank ee wielt. Eng Bank ass e Finanzpartner, deen Iech all Dag begleet, vun der Iwwerweisung vun Ärem Salaire ugefaange bis zur Realiséierung vun Äre Projeten oder der Zesummestellung vun Ärer Pensioun.

Et ass esouwuel fir Residenten ewéi fir Frontaliere relativ einfach, e Kont opzemaachen.

Fir Residentë geet et duer eng Carte d’identité an eng Wunnsëtzbescheinegung (e Certificat de résidence ausgestallt vun enger Administration) en Aarbechtsvertrag an Är Steiernummer (NIF oder TIN) virzeweisen.

Mee och net Residentë kënnen e Kont hei zu Lëtzebuerg opmaachen. Esou kënnen si vu ville Bankeservicer profitéieren, ënner der Bedéngung natierlech, datt si hir Revenuen och do abezuelen, oder op hire Spuerkont iwwerweisen, asw.

Dofir muss ee groussjäreg sinn an eng aktuell oder zukünfteg finanziell oder wirtschaftlech Verbindung mat Lëtzebuerg hunn, sief et a Form vun enger Aarbecht, engem Studium, Stage, enger Pensioun, Loyersrevenuen asw.

Wann een aus engem vun de Memberstaate vun der Europäescher Unioun kënnt, ass et ganz einfach e Kont opzemaachen, aner Länner imposéiere Restriktiounen. Als auslänneschen Titulaire vun engem Lëtzebuerger Kont muss Dir dësen op jiddwer Fall bei der Steierverwaltung vun deem Land an deem Dir Äre Wunnsëtz hutt, deklaréieren. Jidderee muss och all, inklusiv seng auslännesch Akommesquelle bei der Steierverwaltung vun deem Land an deem e säi Wunnsëtz hutt, deklaréieren.

De Problem ass, datt Dir relativ oft, als Expat oder wann Dir nei ukomm sidd, scho virun Ärer Arrivée e Bankkont braucht, fir eng Wunneng ze fannen. Wann Dir an där Situatioun sidd, keng Angscht! Méi a méi lëtzebuergesch Banke proposéieren virdeelhaft Offere fir Expats, an erméiglechen, e Bankkont aus dem Ausland opzemaachen. Verschiddener bidden och e Service un, bei deem eng Ekipp vu Beroder sech de Leit unhëlt, déi nei hei ukommen. Dir kënnt esouguer selwer Äre Compte courant an Äre Spuerkont online uleeën. Et geet duer, d’Demande an déi noutwendeg Dokumenter anzeschécken: e gültegt Identitéitsdokument, Ären Aarbechtsvertrag mat Ärem (zukünftegen) lëtzebuergeschen Employé, Är Steiernummer (TIN / NIF) an Är Bankdate vun engem Kont an engem vun de Länner vun der Europäescher Unioun vun deem Dir schonn Titulaire sidd. An Zäit vun e puer Schaffdeeg ass Äre Kont prett.

Vertraut Ärer Liblingsbank!