Mat Chèque-service kann ee vu reduzéierten Tariffer an de Crèchen, Maison relaisen, Foyeren a bei Dageseltere profitéieren.

Lauschtert eran

All Eltere wëssen, datt et bal net ze packen ass, d'Privat- an d'Beruffsliewen ënner een Hutt ze bréngen, wann déi zwee Partner schaffen. Et ass onméiglech, ouni Léisungen ze fanne fir d'Kanner ze versuergen, besonnesch, wa se nach kleng sinn. An dat huet e Präis. Fir d'Famillen ze ënnerstëtzen huet de Staat d'Chèque-service accueil geschaaft: eng finanziell Hëllef a Form vun enger Saachleeschtung fir Kannerbetreiung a verschidden ausserschoulesch Aktivitéiten. Erklärungen.

Mat de Chèque-service accueil (CSA), kënnen d'Eltere vu reduzéierten Tariffer an de Crèchen, Maison relaisen, Mini-Crèchen, Foyeren a bei Dageseltere profitéieren, ënner der Bedéngung, datt d'Betreiungsstruktur als Prestataire Chèque-service accueil vum Educatiounsministère unerkannt ass. D'Betreiungsstruktur muss sech hei am Land befannen. Wärend dës Strukturen engersäits den Elteren erlaben, hirer berufflecher Aktivitéit weider nozegoen, kënne se och zur Integratioun vun de Kanner an hirem lokalen Ëmfeld, zur Sproochentwécklung an engem bessere sozialen Zesummenhalt bäidroen.

Wie kann dervu profitéieren? All Kand, wat hei am Land wunnt, oder en Elterendeel huet, deen aus der Europäescher Unioun staamt an deen hei am Land ugestallt ass. D'Kand muss manner ewéi 13 Joer al sinn an nach an der Grondschoul (Spillschoul oder Primaire) sinn.

Fir een deen zwar hei am Land schafft, mee net hei wunnt, musse follgend zousätzlech Konditiounen erfëllt sinn:

•             den Elterendeel muss beim Centre commun de la sécurité sociale affiliéiert sinn oder fir eng europäescher Institutioun schaffen.

•             fir d'Kand fir dat Chèque-servicen ugefrot ginn, muss Kannergeld bezuelt ginn.

Praktesch heescht dat, datt Dir nëmmen op Är Gemeng braucht ze goen, wann Dir hei am Land wunnt. Dir kritt e Bäitrëttsvertrag, deen d'Bedeelegung vum Staat an de Stonnesaz, deen zu Laaschte vun den Eltere geet, festleet.

Wann Dir Frontalier sidd, braucht Dir nëmmen d'Demande um Site vun der Zukunftskeess auszefëllen.

De Montant vun de Chèque-servicen, dee vum Staat iwwerholl gëtt, gëtt unhamd vu verschiddene Krittäre berechent, ugefaange beim Akommes vun Ärem Stot. D'Zuel vun de Kanner am Stot, fir déi Kannergeld bezuelt gëtt, an de Rang vum Kand an der Famill ginn och berücksichtegt. An da gëtt och nach mat agerechnen, ëm wéi en Typ vu Betreiungsstruktur et sech handelt a wéi vill Stonnen d'Kand pro Woch zegutt huet.

Et muss een och wëssen, datt d'Chèque-servicë keng finanziell Hëllef a Form vu Suen ewéi d'Kannergeld ass. Et handel sech net ëm e materiellen Austausch, deen d'Eltere bezéien, fir domat kënnen einfach all Zorte vu Kannerbetreiung ze bezuelen. Et handelt sech ëm eng Saachleeschtung, déi direkt vum Lëtzebuerger Staat un d'Betreiungsstrukturen, déi als Prestataire CSA unerkannt sinn, iwwerwise ginn.

Et ginn ongeféier 50°000 Kanner tëschent 0 an 12 Joer an enger Betreiungsstruktur ewéi enger Maison relais, Crèche oder doheem bei Dageselteren versuergt. Den Encadrement ass héichwäerteg a waart nëmmen dorop Är Kanner ze empfänken.