Wéi genau funktionéiert et fir een auslänneschen Diplom unerkennen ze loossen.

Lauschtert eran

Zu Lëtzebuerg gi verschidde Certificaten an auslännesch Diplomer net automatesch unerkannt. Mee d'Unerkennung vun engem Diplom ka sech a verschiddene Fäll als nëtzlech erweisen, fir e schoulesche Parcours erëm opzehuelen, e Lycées- oder Universitéitsdiplom unerkennen ze loossen oder Zougang zu gewësse Beruffer ze kréien.

Keng Panik! Et ginn awer Ofmaachungen, déi festleeën, datt Diplomer aus engem Land och kënnen an engem anere Land unerkannt ginn. Dank der Paräisser an der Lissabonner Konventioun, erkennen déi meescht europäesch Länner, Russland an Australien d'Gültegkeet vun den Universitéitsstudien un. An der Praxis heescht dat: Et geet duer en Dossier, deen de CV, eng Kopie vun der Carte d'identité, mat engem Bréif an der Kopie vun den Diplomer op de Service de la reconnaissance des diplômes vum Educatiounsministère (MEN) ze schécken. Den Demandeur kritt eng Äntwert bannent zwou bis sechs Wochen. Dir musst och eng Tax vu 75 Euro bezuelen.

Eng Ausnam gëtt et fir Awunner aus dem Benelux zënter 2015, well d'Demarchë fir d'Unerkennung vu Bachelor- a Masterofschlëss aus dësen dräi Länner zënterhier tëschent de Länner ofgeschaaft goufen. Dës ginn automatesch vu Lëtzebuerg, der Belsch an Holland unerkannt.

Fir d'Länner, déi d'Konventioun net ënnerschriwwen hunn, kann zousätzlech en Diplom gefrot ginn, dee bestätegt, datt Dir op d'mannst en dräijäregt Héichschoulstudium an engem Memberstaat vun der Europäescher Unioun ofgeschloss hutt oder och en Diplom vun engem Institut, dat vun engem Drëttstaat unerkannt gouf, zesumme mat enger Bestätegung, datt Dir eng vun den dräi offizielle Landessprooche kennt: Lëtzebuergesch, Franséisch oder Däitsch.

A wéi kann ee sech, net e fäerdegen Diplom, mee eng Schoullafbunn oder e Lycéesjoer unerkenne loossen? Dat ass eng gutt Iddi, well mir hei am Land eng aktiv, universitär Fuerschung hunn, mat bal 7°000 Studenten aus 129 verschiddene Länner an 350 Ofkommessen fir Studentenaustausch a Fuerschungsaustausch. An dësem Fall muss een eng Demande maachen, fir sech en Educatiounsniveau unerkennen ze loossen. Dës adresséiert sech u Persounen (Schüler, Studenten oder Erwuessener), déi nach keen Ofschlossdiplom vun hirer Formatioun kritt hunn a gär an eng Lëtzebuerger Schoul goen, eng Schoullafbunn erëm ophuelen oder eng Formatioun fir Erwuessener maache wëllen. Do musse een de selwechten Dossier, wéi fir d'Unerkennung vun engem Diplom zesummestellen an en ënner de selwechte Konditiounen un déi selwecht Adress schécken.

Et ass séier, praktesch an einfach, seng Diplomer unerkennen ze loossen, fir op Lëtzebuerg schaffen oder studéieren ze kommen. Et ass et wäert!