Lëtzebuergesch léieren ass net esou schwéier wéi vill Frontalieren dat mengen. Et geet duer sech dohannert ze setzen, well Méiglechkeete ginn et der genuch

Lauschtert eran

Lëtzebuergesch léieren, firwat net? Vill Frontaliere maachen et net, well si fäerten, et wier ze schwéier oder well si keng Zäit hunn. Mee verschidden Entreprisë verlaangen et. Wat och ëmmer Är Motivatioun, fir eng Sprooch ze léieren, muss een déi richteg Method fannen: déi, déi Ären Ziler a wa méiglech Ärem Léiertyp entsprécht. Dofir hu mir déi bescht Ressourcë fir Lëtzebuergesch online ze léieren, verglach an ausgewielt: Appen, YouTube-Kanäl, E-Learning-Coursen ... Dir musst just nach Är Auswiel treffen a starten!

Lëtzebuergesch gehéiert zur grousser Famill vun de germanesche Sproochen. Dir schwätzt Däitsch a mengt, datt Dir da Lëtzebuergesch méi einfach géift léieren? Iert Iech net, well d'Aussprooch ass méi no um ... Hollänneschen!

Ausserdeem, och wann d'Lëtzebuergescht méi Änlechkeete mat dësen zwou Sproochen huet, ass et staark vum Franséische beaflosst (dëst erkläert och, firwat d'Hallschecht vun der Bevëlkerung zweesproocheg, oder esouguer dräisproocheg ass). A schrëftlecher Form verstinn Däitschsproochler Lëtzebuergesch relativ gutt. Mee bei der gesprachener Versioun ass dat däitlech manner evident. Fir e Francophone leien d'Schwieregkeeten esouwuel um Niveau vun der Linguistik ewéi och vun der Aussprooch. Et muss ee sech mam Accent ufrënnen! Fir d'Sprooch effizient ze léieren, musst Dir och dat Mëndlecht üben.

Wéi laang dauert et, fir d'Sprooch ze léieren? D'Grondlage verstoe léieren a sech de Basisvocabulaire uneegnen ass eppes anescht ewéi d'Sprooch wëlle gutt ze beherrschen, mam Zil sech hei ze installéieren an hei ze schaffen zum Beispill. Fir sech ze verstännegen an ze kommunizéieren, rechent op d'mannst mat zwee Joer Coursen. Fir mat Liichtegkeet ze schwätzen an eng Konversatioun oprecht ze halen, sinn ongeféier 500 Stonnen noutwendeg.

Déi prakteschst Method fir d'Sprooch ze léieren, ausser mat Privatcoursen, bleift den Internet. Do ginn et allerdéngs vill Méiglechkeeten ...

Näischt geet iwwer d'Léiere vun enger Sprooch mat Mammesproochler. Dofir kënnt Dir mat YouTube-Videoen d'Sprooch gutt üben. Dir fannt do gratis Lëtzebuergeschcoursen, wou Dir och heiansdo kënnt d'Aarbechtsblieder vun de Lektiounen eroflueden.

Hutt Dir léiwer Audioen? Do stellt de Site vun der Stad Lëtzebuerg Iech eng Broschür mat MP3-Fichieren zur Verfügung, mat där Dir Vocabulaire léieren, Är Grammaire perfektionéieren an och Konversatioune lauschtere kënnt.

Mat gratis Appe kënnt Dir och d'Lëtzebuerger Sprooch léieren! Ob fir iOS oder Android, wann ee sicht, fënnt ee vollstänneg a praktesch Appe fir séier eng Verstännegungs- an eng Konversatiounsbasis ze schafen. Domat kënnt Dir d'Grammaire oder Vokabelen op spilleresch Manéier léieren a si hunn esouguer professionell Modülle fir spezifesche Vocabulaire ze léieren.

D'Referenz beim E-Learning: quattropole.org. D'Coursen, gratis an dank der Partnerschaft tëschent der Universitéit Lëtzebuerg an dem Educatiounsministère entstanen, sinn zimmlech vollstänneg a gutt strukturéiert. Jiddereng vun den aacht Lektiounen, opgedeelt a verschidden Theeme mat Exercicer, stäipt sech op eng alldeeglech Liewenssituatioun vun enger Famill, déi sech zu Lëtzebuerg installéiert.

Lo wësst Dir alles. Lo musst Dir just nach starten!