Hei zu Lëtzebuerg ginn et tatsächlech vill Plazen, wou ee ka schwamme goen.

Lauschtert rean

Top-Spot

De Stauséi zu Esch-Sauer, deen net nëmmen de gréissten Drénkwaasser-Reservoir hei am Land ass, mee wärend de Summerméint iwwer d'Grenzen ewech als Waasser- an Wanderparadis bekannt ass. De Séi gouf 1961 ugeluecht a befënnt sech 1 km westlech vun Esch-Sauer am Zentrum vum Naturpark Uewersauer. Mat senger Fläch vun 380 ha, assuréiert en net nëmmen d'Drénkwaasser- an d'Elektrizitéitsversuergung, mee et ass niewebäi och nach e wonnerschéint Fräizäizgebitt. Baussent dem Schutzgebitt 5 km vum Haapt-Barrage, kënnt Dir eng ganz Rëtsch vu Waassersportaarte maachen ewéi Schwammen, Kanufueren, Tauchen, Surfen a Seegelen. Profitéiert och vum Léierschëff fir en Ausfluch ze maachen! Fir dohinner ze kommen, muss een eng Reservatioun iwwer de Portal maachen, dee vun de Gemengen elo schonn iwwer e Joer bedriwwe gëtt, fir dem Undrang vu Visiteuren op de Plagë vun der Uewersauer Meeschter ze ginn.

Zweet sympathesch Plaz

Am Süde vum Land ass d'Gemeng Remersche bekannt fir hir Wäibierger ... a fir hir kënschtlech Séien, d'Baggerweieren, déi zum Naturschutzgebitt Haff Réimech gehéieren. Dëst Fräizäitgebitt, wat op Weieren, déi fréier an den 1970er Jore Kiselgrouwe waren, entstanen ass, erstreckt sech iwwer 130 ha, wouvu 25 ha Flaachwaasserzone sinn. Et besteet aus Plagen, Spill- a Picknickplazen. Ënner de villen Aktivitéiten, déi proposéiert ginn, fënnt ee Waassersportaarten (Paddelen, Rudderen, Kanufueren, verbuede baussent de motoriséierten Hafen), eng Tauchschoul, e Schwammbecken a Fëschen (zwee Séie sinn dësen Aktivitéite gewidmet). Am Summer gi Sportscoursen organiséiert.

Dir kënnt also hei an enger privilegiéierter, natierlecher Ëmgéigend schwamme goen, vun den ekipéierte Plagë profitéieren oder vun de grousse Wise fir Iech ze sonnen.

Fir Famille mat klenge Kanner gëtt et e Planschbecken, an eng Buvette befriddegt d'Gloscht op Limonad a Glace.

Entréestickete ginn et exklusiv online ze kafen (kee Verkaf op der Plaz), an den Zougang ass op 1 000 Leit limitéiert.

Eng weider Méiglechkeet

A schliisslech gëtt et ganz am Norden de Wämper Séi zu Wäiswampech, deen och dat ganzt Joer fir de Public op ass, och wann et méi agreabel do wärend de sonnegen Deeg ass! D'Gemeng Wäiswampech huet esouguer zwee kënschtlech Séie vu jeeweils 6 Hektar, woubäi jiddwer Séi fir speziell Aktivitéite reservéiert ass. Wärend den ieweschte Séi de Fëscher virbehalen ass (gratis, kee Permis noutwendeg) ass den ënneschte Séi op fir schwammen ze goen a fir verschidde Waassersportaarten ewéi Kanu-Kajak oder Surfen ze praktizéieren. Dono kann ee sech op eng vun de grousse Wise ronderëm de Séi leeën a vun der Sonn profitéieren! Ideal fir brong ze ginn an ze raschten.

An dann, natierlech, ginn et d'Schwämmen! Onméiglech, se all opzezielen! Déi impressionantst: D'Thermen zu Stroossen, mat hirer futuristescher Architektur, hire kierzlech renovéierte Basengen an hire ville Spiller, Rutschen a Wellebasengen. An am Wellnessberäich, Saunaen, Hamammen a Jaccuzien, an deenen ee kann a verschiddenen Ambiancen entspanen. Traut Iech eranzesprangen!