Mir soen iech ob ee besser huet seng Kommissiounen hei am Land ze maachen oder hannert der Grenz.

Lauschtert eran

De Virdeel, hei am Land ze wunnen, ass, datt ee vun dräi ganz verschidde Länner ëmginn ass, wat d'Auswiel, awer och d'Berdierfnesser vergréissert. Also, wéi soll ee sech do orientéieren?

2020 huet d'Nielsen Institut sech d'Präisser vun 110°000 Consommatiounsproduiten ugekuckt a se tëschent de 4 Länner verglach, déi d'Groussregioun bilden: Frankräich, Däitschland, d'Belsch an natierlech Lëtzebuerg. Däitschland schéngt dat Land ze sinn, wou d'Präisser am mannsten héich sinn. Frankräich kënnt op déi zweet Plaz. Lëtzebuerg erreecht déi drëtt Plaz, an zu gudder Lescht kënnt d'Belsch.

Wat d'Verfügbarkeet vun de Produiten ugeet, huet Frankräich eng 4 Mol méi grouss Offer wat d'Zuel vun de Produiten ubelaangt ewéi seng Nopeschlänner, d'Belsch a Lëtzebuerg.

Lëtzebuerg ass am interessantste fir Gedrénks anzekafen. An Däitschland sinn et éischter d'Drogeries-, Parfumeries-, Hygiènes- an d'Net-Iessproduiten, déi am bëllegste sinn. Frankräich schéngt dat Land ze sinn, wou ee seng frësch Produiten (9,8 % manner deier) a seng Epiceriesproduiten akafe soll.

A wou keeft ee seng gutt Affären? An der Belsch, e Kazesprong vun der lëtzebuergescher Grenz ewech, zu Messancy, gëtt et en Akafszentrum, wou méi ewéi 60 Butteker Markenartikelen zu Fabrikspräisser verkafen. Esou vill Marken, déi Dir zu gënschtege Präisser op oppenem, schéin ugeluechtem Raum kafe kënnt. Et ass eng gutt Adress, wann Dir gutt Affäre maache wëllt!

An Däitschland ginn et déi 2 Akafsstied Tréier a Saarbrécken.Zu Tréier kënnt Dir Iech un engem Stadzentrum mat ville Butteker a groussen Akafsgalerien erfreeën oder dorun, datt Dir an enger historescher Stad shoppe gitt. Genee ewéi Tréier, huet och Saarbrécke vill Geschäfter an e liewege Stadzentrum, wou Dir Window-Shopping maache kënnt a gläichzäiteg d'Ambiance an d'Schéinheet vun der Stad (déi vill Denkmaler sinn e Bléck wäert!) genéissen.

Am Frankräich, tëschent Metz an Diddenuewen, ass d'Auswiel ganz grouss! Vu grousse Marke bis zu jonken Designer ass fir all Goût eppes derbäi.

Also zéckt net, geziilt ausserhalb vu Lëtzebuerg e puer Ausflich ze maache fir akafen ze goen an dobäi e puer gutt Affären ze maachen!