Lëtzebuerger ginn, dat hu sech vill Leit hei am Land als Zil geholl. Ma wéi eng Méiglechkeete ginn et do iwwerhaapt.

Lauschtert eran

Jidderee kennt een, deen enges Daags stolz verkënnegt huet, en hätt déi lëtzebuergesch Nationalitéit kritt. Zënter dem Antrëtt vun der Reform vum Nationalitéitegesetz 2017 ass d'Zuel vun den Naturalisatiounen eropgaangen. Mee wéi kann een déi lëtzebuergesch Nationalitéit kréien?

Et ginn dräi Weeër fir déi lëtzebuergesch Nationalitéit ze kréien:

  • duerch Naturalisatioun
  • duerch Recouvrement
  • duerch Optioun

D'Naturalisatioun steet all Persoun op, déi groussjäreg ass, op d'mannst zënter 5 Joer zu Lëtzebuerg wunnt, Kenntnesser vun der lëtzebuergescher Sprooch huet an de Cours „Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg“ gemaach huet oder den Examen, deen iwwer d'Matière vum Cours geet, gepackt huet.

De Recouvrement steet ënner anerem Persounen op, déi d'Lëtzebuerger Nationalitéit (duerch e Bestietnes zum Beispill) verluer hunn, mee virun allem den direkte Nokomme vun engem Virfar, deen déi lëtzebuergesch Nationalitéit zum Datum vum 1. Januar 1900 hat.

D'Optioun ass op fir all Groussjäreger, besonnesch déi, déi sech op d'mannst zënter 20 Joer reegelméisseg hei am Land ophalen, déi op d'mannst 7 Schouljoer hei am Land gemaach hunn oder sech am Grand-Duché virum Alter vun 18 Joer installéiert hunn.

Sidd Dir vun engem vun dësen Zenarie betraff? Super! Stellt esou séier ewéi méiglech déi néideg Beleeger zesummen (Kopie vum Pass, vollstänneg Kopie vum Gebuertsakt, Extrait vum Casier judiciaire, asw.) a presentéiert Iech perséinlech um Etat civil vun Ärer Gemeng fir Är Demande de naturalisation ze ënnerschreiwen. Den zoustännege Beamten hält dann Är Declaration d'option fest a stellt Iech d'Bestätegung am Prinzip per Post zou.

Zousätzlech gouf d'Gesetz fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréie vereinfacht. Vun elo u muss een net méi tëschent senger ursprénglecher a senger neier Nationalitéit wielen, Lëtzebuerg erlaabt déi duebel Nationalitéit, ënnert dem Virbehalt, datt dat anert Land déi och zouléisst, esou ewéi d'Belsch, Däitschland oder Frankräich – awer am Géigensaz zu Holland, Estland an Éisterräich zum Beispill.

Mee opgepasst! Dir kritt d'Nationalitéit net, ouni virdrun de „Sproochentest“ gepackt ze hunn a bei der mëndlecher Epreuve op d'mannst d'Hallschecht vun de Punkten erreecht ze hunn. D'Kandidate mussen sech also kënnen op Lëtzebuergesch virstellen a mat einfach Wierder vun hirer Famill, deenen aneren, hire Liewensbedéngungen, hirer Formatioun oder hirer Aarbecht kënne schwätzen. Also hannert d'Bicher!

Well et ass et wäert! Beim Reesen ass de Lëtzebuerger Pass ee vun deenen, deen am meeschte Fräiheete bitt. Brasilien, Kanada, Kolumbien, USA, Japan ... gehéieren zu den 187 Länner, déi ee kann, ouni e Visa unzefroen, besichen. Ausserdeem gëtt et e staarken Zesummenhang tëschent der Visafräiheet an anere Virdeeler ewéi geschäftlech Fräiheeten, Investitiounsfräiheet, Onofhängegkeet vun der Justiz, finanziell Stabilitéit an Eegentumsrechter. De Lëtzebuerger Pass huet eng gutt Reputatioun: d'Douaneskontrolle ginn also méi séier. Et ass dowéinst, wou de Lëtzebuerger Pass als ee vun de beschten Päss vun der Welt, mat deem ee ka vill maachen, gesi gëtt.