Zu Lëtzebuerg ginn et vill Wunnengsbäihëllefe fir d’Lëtzebuerger Residenten.

Lauschtert eran

En ëffentleche Service steet Iech zur Verfügung a beäntwert Är Froen iwwer de Logement. E steet Iech bei Ären techneschen an administrativen Demarchen zur Säit a gëtt Iech och personaliséiert Informatiounen iwwer d’Wunnengsbäihëllefen, vun deenen Dir profitéiere kënnt.

Zéckt net, dëse Service ze kontaktéieren, fir Renseignementer iwwer d’Hëllefen, vun deene eng Persoun oder e Stot mat modestem Akommes profitéiere kann, oder fir eng Äntwert op Är Froen iwwer Äre Loyer an Är Rechter als Locataire ze kréien!

Jee no Ärer Situatioun kënnt Dir beim Kaf vun engem Logement am Grand-Duché vun enger Rei Bäihëllefe profitéieren. Ënner dës Bäihëllefe fale virun allem d’Bau- an d’Uschafungsprimmen, d’Spuerprimmen an och d’Staatsgarantie. Dës erméiglechen Iech, d’Käschten, déi un de Logement gebonne sinn, ze reduzéieren, andeems Dir eng Kapitalhëllef vum Staat kritt.

Falls Dir Är Wunneng léiwer lount, ginn et och do zu Lëtzebuerg interessant Aide-au-Logementen. Dorënner sinn déi wichtegst déi staatlech Hëllef fir d’Finanzéierung vun enger Garantie locative (déi et Iech erméiglecht, Bäihëllefen ze kréien, falls Dir Är Kautioun net bezuele kënnt), d’Méiglechkeet, eng subventionéiert Wunneng oder eng Sozialwunneng ze lounen, an d’Méiglechkeet, sech un d’sozial Immobilenagence ze riichten.

Wann Dir Är Wunneng renovéiere loossen oder dru schaffe wëllt, da ginn et och do a verschiddene Fäll Hëllefe fir dës Aarbechten. Dës Hëllefe si virun allem fir Aarbechte mam Zil d’Salubritéit an d’Sécherheet vum Logement ze retabléieren, an och fir d’Schafe vun neie Raim oder d’Vergréissere vun existente Raim.

Falls Dir an Ärer Wunnneng speziell Amenagementer maacht fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit oder besonnesche Bedierfnisser, dat kënnt Dir och do ënnert d’Äerm gegraff kréien.

Zéckt also net Iech ze renseignéieren! Dacks wëssen d’Locatairen an d’Proprietären net, datt et dës Dispositiffe gëtt. An et wier nawell schued net dovun ze profitéieren!