D’Bankkaart hëlt hautdesdaags esou vill Plaz an eisem alldeegleche Liewen an, datt mir bal vergiessen, datt mer duerch si Affer vu Bedruch kënne ginn.

Lauschtert eran

D’Bankkaart hëlt hautdesdaags esou vill Plaz an eisem alldeegleche Liewen an, datt mir bal vergiessen, datt mer duerch si Affer vu Bedruch kënne ginn … an eis vill Kappzerbrieches maache kann!

Hei e puer Tipps fir d’Risiken online an awer och an de Geschäfter ze limitéieren:

Privilegéiert online 3D-Secure-Bezuelungen 

Wat dat ass? E System, deen 3 Interlocuteuren iwwerpréift, déi duerch den Akaf a Verbindung gesat ginn: de Keefer, de Verkeefer an d’Bank. Mat dësem System ass d’Sécherheet quasi um Maximum. D’Zil vun dëser dräifacher Iwwerpréiwung ass, d’Risike vu Bedruch a Cyber-Attacken ze limitéieren a sécherzestellen, datt d’Persoun, déi d’Bezuelung mécht, berechtegt ass.

Haalt Är perséinlech Informatioune fir Iech!

Kléngt einfach – et gëtt sech awer net ëmmer dru gehalen! Kee kann Iech iwwer Telefon oder E-Mail no Ärem Geheimcode froen. Huelt Iech also an Uecht, wann Dir iwwer E-Mail, Telefon oder SMS vun enger sougenannter vertrauter Institutioun kontaktéiert gitt an déi Iech no Äre perséinlechen Identifikatiounsinformatiounen, Bankdaten oder esouguer no Äre Passwierder freet! Et handelt sech dobäi ëm Bank-Phishing, dee vu Cyberraiber organiséiert gëtt.

Benotzt en Antibedruchsaccessoire fir Är Kaart

Hautdesdaags verfügen d’Majoritéit vun de Bankkaarten iwwer eng Technologie, déi et erméiglecht d’Daten op Distanz mat Bezuelungen ouni Kontakt z’iwwerdroen … an duerch déi verschidde Kaarte ganz schéi vulnerabel ginn. E gudde Moyen fir sech ze schützen ass e Portefeuille oder e Kaarteschutz ze benotzen, deen dës Technologie blockéiert. Dës Accessoirë hunn eng dënn Schicht aus Karbonfaser oder Metall, déi verhënneren, datt elektromagnéitesch Felder un Är Bankkaarte kommen. Benotzt dës Accessoirë virun allem do, wou sech vill Leit ophalen, zum Beispill am ëffentlechen Transport.

Iwwerpréift d’Fiabilitéit vum Site bei engem Online-Akaf

Wann Dir Bankdaten ugitt, vergewëssert Iech, datt den Online-Site de Protokoll „https“ benotzt an d’Symbol vun engem Schlass uewe lénks niewent dem Domain-Numm ugewise gëtt. D’Zil ass, verschidde Garantien ze hunn, datt déi vun dësem Internetsite verschéckten Daten net an d’Hänn vun Drëttpersoune geroden, an déi se da weiderbenotze kéinten. Aner Elementer sinn och gutt Indicateuren, déi et z’iwwerwaache gëllt, wéi zum Beispill d’Allgemeng Geschäftsbedéngungen (AGB) an d’rechtlech Hiweiser. Dës Informatioune sinn op engem E-Commerce-Site obligatoresch, well se preziséieren, wie sech hannert dem Site verstoppt, a kënnen Iech esou am Fall vu Bedruchsversich nëtzlech sinn.

Privilegéiert e VPN a meit Online-Bezuelungen iwwer den ëffentleche Wifi-Reseau

Hautdesdaags ass et einfach op e gratissen ëffentleche Wifi zouzegräifen, sief et an engem Café, engem Hotel, engem Akafszenter oder an engem Fluchhafen. E gedeelte Wifi-Reseau fir Är Online-Akeef ze benotze kann awer e puer Gefore mat sech bréngen.

Fir dësen aus de Féiss ze goen, kënnt Dir e sougenannte virtuelle private Reseau benotzen, och VPN (fir Virtual Private Network) genannt.

E VPN verstäerkt Är Confidentialitéit an esou Är Sécherheet online. E verhënnert, datt Drëttpersounen Är Aktivitéit um Internet ausspionéieren a verstäerkt besonnesch d’Sécherheet vun Ären Online-Bezuelungen.

Kuerz gesot: einfach Gesten, déi grouss Suerge verhënnere kënnen!