
© Fürerschäin / ING
Egal op Resident, Frontalier oder Tourist. Fuert dir hei zu Lëtzebuerg Auto, kënnt dir Punkte verléieren.
Reellen oder virtuelle Fürerschäi fir Residenten an Net-Residenten
Och wann Dir kee lëtzebuergesche Permis hutt, ab deem Moment, wou Dir op dem Lëtzebuerger Territoire zirkuléiert, hutt Dir op Ärem virtuelle lëtzebuergesche Fürerschäin en Ufankskonto vun 12 Punkten. Am Fall vun engem Verstouss géint d’Verkéiersreegelen, verléiert Dir op Ärem virtuelle Permis déi Unzuel u Punkten, déi mat der Infraktioun zesummenhänken.
An der Praxis heescht dat, datt am Fall vun enger Suspensioun vun der Fuererlabnis (Verloscht vun den 12 Punkten), den Automobilist mat engem Lëtzebuerger Fürerschäin net méi fueren däerfen. An deem Fall kritt den Titulaire säi Permis vun der Police ewechgeholl. Dat gëllt och fir d’Titulairë vun engem Fürerschäin, deen an engem anere Staat vum Europäesche Wirtschaftsraum ausgestallt gouf an déi gewéinlech zu Lëtzebuerg residéieren.
An all den anere Fäll (anere Fürerschäi wéi dee Lëtzebuerger Fürerschäin) kënnen déi lëtzebuergesch Autoritéiten de Permis net ewechhuelen. Mee duerch de Verloscht vun de Punkten däerf den Titulaire vum Fürerschäi sech net méi um Territoire vum Grand-Duché wärend der Suspensioun hannert d’Steier setzen.
All Fürerschäin huet en Ufankskonto vun 12 Punkten. D’Perte vun der Unzuel u Punkten gëtt automatesch jee nom Typ vum Verstouss applizéiert. Esou kascht zum Beispill en Délit de grande vitesse oder Alkohol hannert dem Steier jeeweils 6 Punkten, wärend et bei engem defekte Pneu 2 Punkte minus gëtt. Et soll awer gewosst sinn, datt dëse System e Recht op Iertum fir all Titulaire vun engem Fürerschäin accordéiert, well e viséiert virun allem e Langzäitverhalen a penaliséiert esou nëmmen d’Multirecidivisten.
Wann den Titulaire all 12 Punkte vu sengem Permis verléiert, dann ass seng Fuererlabnis wärend 12 Méint suspendéiert. Et ass net méiglech d’Auswierkunge vun dëser Mesure ze moduléieren, zum Beispill fir e beruffleche Besoin ze berücksichtegen.
Fir datt déi betraffe Persoun hire Fürerschäin no der Suspensioun erëmkritt, muss si de Sensibilisatounscours vu 5 Deeg (Cours vun 12 Punkten) maachen, deen am Formatiounszenter zu Kolmar-Bierg ofgehale gëtt. D’Zil vun dësem Cours ass d’Bewosstsinn vun de Participante fir d’Geforen op de Stroossen ze verstäerken a se als Fuerer méi ze responsabiliséieren.
Iwwregens: En Titulaire vun engem Permis, deen e puer Punkte verluer huet an dee wärend enger Period vun 3 Joer hannereneen net géint Verkéiersreegele verstéisst, kritt erëm all 12 Punkten op säi Fürerschäi guttgeschriwwen.
Déi beschte Manéier fir op de Stroossen ënnerwee ze sinn, bleift natierlech eng responsabel Conduite!