
© ING
E flotten Déngschtwon fir seng Privatzwecker ze hunn ass e super Avantage, an och ganz erfreelech! Mee opgepasst, en ass awer och ganz reglementéiert!
An der Praxis ass et Usus, datt den Employeur zu Lëtzebuerg eng Autosflott vu Locatiouns- oder Leasinggefierer keeft oder huet, fir senge Salariéen z’erméiglechen en Déngschtwon zum Deel fir Privatzwecker ze benotzen.
D’Entreprise kann déi entspriechend Fraisen als Exploitatiounsausgaben ofsetzen.
Gläichzäiteg mussen d’Employeure sech vergewësseren, datt déi passend steierlech Behandlung fir hir Salariéen entspriechend hirem Paiziedel applizéiert gëtt.
Den Employeur muss en Avantage en nature fir déi gratis (oder deelweis gratis) a privat Benotzung vum Firmewon op dem méintleche Paiziedel vum Salarié signaléieren (ausser de Firmewon dierf nëmme fir berufflech Zwecker benotzt ginn).
Dës Sachleeschtung ënnerläit der Quellesteier op de Paien an de Sozialversécherungscotisatiounen. Se huet en Impakt op Äre Paiziedel an esou och op Är Steieren, well de Montant vum Avantage en nature gëtt bei Äert Bruttoakommes dobäigerechent. Et ass sécherlech en Avantage, mee en ass awer op kee Fall gratis!
De Montant vun dëser Sachleeschtung hänkt vun der Motorisatioun vum Gefier a vu sengem CO2-Ausstouss of.
Duerch de Klimanoutstand an de Succès vun den Elektroautoen, wäert den Taux fir d’Berechne vun der Sachleeschtung fir d’Déngschtween änneren. D’Zil vun der Regierung ass, datt op kuerz Siicht nëmme Firmenautoe mat null oder gerénge Rullemissioune steierlech avantagéiert ginn … an dat zerguttst! Fir all aner Motorisatioune gëtt en Taux applizéiert, deen den Déngschtwon fir de Salarié steierlech manner rentabel mécht, géintiwwer engem Gefier am private Leasing oder a Privatbesëtz.
Dës Ännerung ass ee vun den Engagementer, dee Lëtzebuerg am Kampf géint de Klimawandel hëlt, mam Zil 49 % Elektroautoen am Automobilpark bis 2030 ze hunn.
D’Zil vun dësen neien Tauxen ass, progressiv den Avantage en nature fir d’Gefierer, déi am meeschte verschmotzen, eropzesetzen a steierlech nëmmen nach komplett elektresch Gefierer oder Ween, déi net vill verschmotzen, ze favoriséieren.
Och wann et paradox kléngt: D’Firmewee maache 47 % vun den Immatrikulatiounen zu Lëtzebuerg an 23 % vum Fuerpark vu Lëtzebuerg aus. Anescht wéi ee mengt droen d’Déngschtween signifikativ zur Reduzéierung vun den Emissioune vum lëtzebuergesche Fuerpark bäi, well hiren Erneierungstaux dräimol méi dynamesch ass wéi dee vun de private Gefierer.