
© Allocation Familiale / ING
Zu Lëtzebuerg sinn d’Familljebäihëllefen eng wäertvoll Ënnerstëtzung fir d’Residenten an och fir d’Frontalieren.
Déi éischt Konditioun, fir an de Genoss vun dësen Allocatiounen ze kommen, ass entweder am Grand-Duché ze wunnen, oder do ze schaffen a bei der Gesondheetskeess affiliéiert ze sinn. Egal, ob de Salarié ganz oder hallef schafft, jidderee kritt dee selwechte Montant u Familljebäihëllefen. Dës gi weder der Unzuel u geschaffte Stonnen no berechent, nach dem Salaire no: de Montant vun den Allocation-familiallen ass fix.
D’Familljebäihëllefe ginn ab dem éischte Kand an ab dem éischte Liewensmount ausbezuelt, an dat ouni Berécksiichtegung vun de Ressourcen a bis dem Kand seng 18 Joer.
D’Kannergeld ka bis dat 25. Liewensjoer verlängert gi fir Schüler aus dem Secondaire, déi an enger Spezialausbildung sinn oder bei engem Handicap. Et gëtt och eng speziell zousätzlech Allocatioun fir Kanner mat Behënnerung. Da gëtt et och nach eng finanziell Hëllef fir de Schoulufank, déi d’Ausgabe kompenséiere soll, déi mat der Rentrée zesummenhänken. Si gëtt den Eltere vu Kanner vun op d’mannst 6 Joer an déi an d’Primärschoul ginn ausbezuelt, an déi och d’Allocation-familialle kréien. Dës Hëllef gëtt all Joer am August iwwerwisen, do brauchen d’Eltere keng Ufro ze maachen.
Fir Kanner, déi iwwer 18 Joer hunn a studéieren, gëtt kee Kannergeld méi ausbezuelt. Wéi kann een d’Familljebäihëllefen ufroen? Kontaktéiert ganz einfach d’Zukunftskeess.
Wann Dir Frontalier sidd soll gewosst sinn, datt wann d’Lëtzebuerger Keess all d’Dokumenter huet, et net méi néideg ass d’Attestation de non-paiement fir d’Allocatioune vum Wunnland ze presentéieren. Déi verschidde Keesen (franséisch, belsch, däitsch) schécken déi néideg Elementer direkt un d’Keess vum Grand-Duché.
Wat de Versement selwer betrëfft, bezeechnen d’Eltere fräi den Attributaire vun der Allocation familiale wann d’Elteren zesumme mam Kand an engem Stot liewen. Falls d’Elteren awer getrennt sinn, gëtt d’Kannergeld un déi natierlech oder juristesch Persoun iwwerweisen, bei deem d’Kand säi gesetzleche Wunnuert huet an haaptsächlech lieft.
Wa béid Elteren d’Suergerecht hunn an d’Kand ofwiesselend bei deem een an deem aneren Elterendeel lieft, bezeechnen d’Eltere fräi den Attributaire vum Kannergeld. Wann d’Kand volljäreg ass oder mündeg gesprach gouf, kann, op Ufro, d’Hëllef direkt dem volljäregem oder mündegem Kand iwwerwise ginn.
Kuerz gesot, vun der Gebuert bis bei d’Mündegkeet vum Kand sinn d’Allocation-familiallen eng nëtzlech Hëllef fir d’Elteren, déi gären ënner d’Äerm gegraff kréien!