D'Investisseuren interesséiere sech ëmmer méi fir de lokativen Investissement, deen als séchert a rentabelt Placement gëllt!

Lauschtert hei déi ganz Reportage!

Motivéiert duerch d’Iddi bei der Revente eng Plus-value kënnen ze maachen, profitéieren d’Acquereuren awer och vun der Hiewelwierkung vun der Finanzéierung…an net ze vergiessen zum méintlechen Akommes duerch d’Loyeren, dat den Investissement nach méi interessant mécht. Mee fir datt d’Operatioun déi beschte Rendemente bréngt, muss een onbedéngt déi richteg Immobilie wielen!

Wann den Investisseur bis esouwäit ass fir an eng Immobilie z’investéieren, muss e Choix getraff ginn. Wéi eng Immobilie wielen? Wou? Eng Wunneng, déi nach gebaut muss ginn oder eng, déi et scho gëtt?

D’Lag an d’Typologie vun der Immobilie hunn en Impakt dorop, wéi gutt sech se verloune léisst an och op hir Liquiditéit, dat heescht dorop, wéi einfach se sech erëm verkafe léisst. Deen aneren decisive Krittär hänkt natierlech vun den Objektiver vum Investisseur of. Falls hie Wëlles huet, Akommes ze generéieren oder op laang Siicht eng Plus-value ze maachen, wäert hien d’Sécherheet géintiwwer dem Brutto-Rendement virzéien.

Falls säin Zil awer ass, säin Immobiliëverméigen séier wuessen ze doen, da wäert den Investisseur éischter op héich Rendementer aus sinn an och op e méi grousse Finanzéierungshiewel. Hien hëlt esou méi Risiken, déi et ze diversifiéieren an op déi verschidden Immobilien an Typologie vun Immobilien ze verdeele gëllt.

Aner Ziler, eenzel oder combinéiert, kënnen d’Organisatioun vun der Transmissioun vum Patrimoine, d’Restrukturatioun vum bestoende Verméigen oder d’Diversifikatioun op nationalem oder internationalem Niveau sinn.

All Situatioun ass individuell, et ass also immens wichteg eng kohärent a laangfristeg Strategie jee no sengen individuellen Ziler ze bestëmmen: Är Pensioun duerch zousätzlecht Akommes virbereeden oder eng Plus-value bei der Revente maachen? Jee no Ärer Situatioun wäert Dir d’Sécherheet oder de Rendement privilegéieren. Wat Äert Eegekapital fir den Apport méi héich ass, wat de Rendement vum lokativen Investissement méi niddreg ass, mee de Risiko ass et an deem Fall och.

Een Hoke bleift awer: d’Immobiliëpräisser am Grand-Duché! Lëtzebuerg ass ee vun de Länner an Europa, dat déi gréisste Präishausse wärend dem leschte Joerzéngt erlieft huet, mat an der Moyenne eng järlech Progressioun vun 5,7%. Vun 2010 bis dat 4. Trimester 2019 ass den Duerchschnëttspräis vun den Transaktioune vun 4.400 Euro op 9.000 Euro de Metercarré an d’Luucht gaangen! Et muss ee finanziell also gutt do stoen, fir an d’Immobilien investéieren ze kënnen. Mee, wann een d’Moyenen huet – oder e Stéck vun de Moyenen – ass Lëtzebuerg eng gutt Geleeënheet sécher z’investéieren! Wann Dir brav waart, gräift de Kleeschen Iech jo villäicht ënnert d’Äerm!