
© Pexels / Joy Singh
Stroum spueren ass net nëmme gutt fir de Planéit, mee och fir de Portmonni. Well de bëllegste Stroum ass deen, deen een net verbraucht!
Maacht Iech op d’Sich no den Apparater am Stand-by
Geräter, déi am Stand-by-Modus sinn, verbrauche Stroum – och wa se aus sinn. Är Kaffismaschinn, Är Mikrowell, Ären Toaster an Är méi grouss Haushaltsgeräter sinn also richteg Stroumfriesser. Denkt also dru se auszemaachen a se vum Netz ze trennen, wann Dir se net benotzt. Maacht Iech d’Liewe méi einfach a stiecht dës Apparater am beschten un eng Multiprise mat Schalter.
Wielt Elektro-Geräter, déi manner Energie brauchen
D’Hiersteller musse well d’Energieklasss vun den Elektro-Apparater uginn, déi se produzéieren. Wielt déi richteg Ekipementer aus a privilegéiert dobäi Geräter déi am beschten ofschneiden. E Gerät mat enger Energieklass A verbraucht zum Beispill tëschent engem an zwee Drëttel manner Energie wéi ee Gerät, dat D klasséiert ass.
Wäschen ouni an d’Stroumfal ze falen
Beim Wäsche mat Ärer Wäschmaschinn hutt Dir besser esou dacks wéi méiglech mat niddregen Temperaturen, ouni Virwäschen, ze wäschen oder, nach besser, kal ze wäschen. Et ass nämlech esou, datt 90% vum Stroumverbrauch fir d’Wäsche vun Ärer Wäsch duerch d’Hëtze vum Waasser fir d’Wäsch dropginn. A waart bis Är Maschinn voll ass, éier Dir se start. Loosst am beschten d’Fanger vun engem Trockner, deen immens vill Energie brauch!
Responsabel kachen
Wiermt Äert Iesse léiwer an der Mikrowell amplaz am Schäffchen.
Vergiesst net, Är Kasserollen zouzedecken, fir de Verloscht un Energie ze verhënneren an d’Kachen z’optimiséieren. E Schnellkachdëppen ass dat ekonomeschst, well et méi séier kacht.
Wielt léiwer Induktiounsplacken amplaz vu Glaskeramikplacken oder déi traditionell elektresch: mat hinne kënnt Dir tëschent 30 a 50% Stroum spueren.
Setzt op d’Inertie vun Äre Kachgeräter: maacht Äre Schäffchen oder Är Kachplack aus, éier de Kachprozess fäerdeg ass. Bis de Schäffchen oder d’Kachplack kal ass, huet Äre Plat Zäit fäerdeg ze kachen.
A benotzt léiwer Äre Wasserkocher, fir Waasser opzekachen, amplaz vun enger Kasseroll oder der Mikrowell.
Stroum spuere bei der Beliichtung doheem
Optimiséiert den Amenagement vun Ärem Interieur a wielt virun allem hell Faarwe fir d’Maueren an de Plaffong fir esou un natierlecher Luucht ze gewannen.
Gebraucht Energiespuerbiren an installéiert Dämmungsschaltere fir Är Luuchten, fir d’Luminositéit am Laf vum Dag unzepassen.
Fir dobaussen, denkt un d’Solarbeliichtung, déi ëmmer méi performant ass.
Reduzéiert de Stroumverbrauch vun Ärem Waasserboiler an Heizkierperen
Fir Stroum wärend dem Funktionéieren ze spueren, setzt d’Temperatur erof – ideal sinn 55 a 60 °C. Duscht och léiwer amplaz eng Bidden ze huelen. Dir kënnt och thermostatesch Krinn installéieren, déi d’Waasser direkt op déi gewënschten Temperatur setzen.
An zu gudder Lescht, passt d’Temperature vun de Raim un hire Gebrauch un. 19 °C an de Wunnraim a 16 °C an de Schlofkummere sinn ideal Temperaturen – clever, wann ee weess, datt schonn eleng 1 Grad Zëmmertemperatur manner duergeet fir 7% Stroum duerch d’Hëtzen ze spueren!