Gutt Virsätz? Wie gëtt sech där keng um Enn vum Joer? Mee wéi hält ee sech drun, fir datt et och eppes bréngt?

Lauschtert hei déi ganz Reportage!

Fir där Fro op de Fong ze goen, hu mir d’Vir- an d’Nodeeler vun de beschte Methoden ënner d’Lupp geholl. Esou huelt Dir Iech wierklech nëmmen déi richteg gutt Virsätz an haalt se och (endlech) an.

Firwat gëtt ee sech eigentlech gutt Virsätz?
D’Enn vum Joer ass eng gutt Geleeënheet, fir erëm nei unzefänken a sech perséinlech Ziler fir dat neit Joer ze setzen. Et ass eigentlech eng Ëmbrochsperiod, en ideale Moment, fir Ännerungen z’ënnerhuelen!

Leider ass et esou, datt, och wann eis Virsätz gutt sinn, méi wéi 80% vun hinne bleiwen op der Streck. Firwat? Ganz einfach duerch de Manktem u Realismus, niewent der Tatsaach, datt an eisem Gehier stänneg e Konflikt tëschent der Sich no direkter Satisfaktioun an dem Profit op laang Siicht herrscht. Esou kënnen déi gutt Virsätz séier fir Stress suergen, wann net esouguer fir Scholdgefiller. An da léisst een alt mol séier d’Äerm hänken! … oder, am Géigendeel, et mécht een nach méi Efforten an et bereet ee seng Approche gutt vir, fir all d’Chancen op senger Säit ze hunn!

Wéi geet een dat un?
De Bilan vum vergaangene Joer maachen.
Éier Dir mat de Virsätz ufänkt, plangt ee Moment an, fir e Bilan ze maachen. Huelt Iech Zäit, fir iwwer Är Succèsen an Echecken nozedenken, iwwer Saachen, déi Iech am vergaangene Joer gutt a manner gutt gefall hunn. Sidd dobäi ganz faktesch a probéiert esou objektiv wéi méiglech ze sinn, fir sécher ze goen, Virsätz ze huelen, un déi Dir Iech duerno hale kënnt.

Är Wäerter identifizéieren
Fir ze wëssen, op wat Dir duerziilt, ass et gutt, Är perséinlech Wäerter z’identifizéieren. Identifizéiert Är 3 Haaptvaleuren. Verbaliséiert duerno, fir all Haaptvaleur, wat se fir Iech duerstellen. Andeems Dir Är Wäerter identifizéiert, sidd Dir sécher Iech Virsätz ze ginn, déi Ären déifste Motivatiounen entspriechen, oder op d’mannst Virsätz, déi net géint dës Valeure ginn.

Setzt einfach, erreechbar Ziler, déi an der Zäit beschränkt sinn
En Zil muss besonnesch, präzis, konkret, positiv formuléiert an net zweedeiteg sinn.
Et muss och moossbar sinn, wann et qualitativ oder quantitativ Krittären erlaben, d’Progrèsen ze moossen an d’Resultater ze bewäerten.
Äert Zil muss och erreechbar sinn: net ze héich (Frustratioun) awer och net ze déif (Langweil). Dat ass wichteg, mee vergiesst net, datt Dir d’Lat och no an no upasse kënnt.
D’Zil muss natierlech och realistesch sinn an dofir Är aktuell Situatioun, Är Ressourcen (Zäit, Energie, Geld) berécksiichtegen an de Kontext, an deem Dir Iech den Ament befannt, matabezéien (Famill, Beruff, Finanzen).
Da muss Äert Zil och nach an engem zäitleche Kader stoen, mat engem Schlussdatum an enger Periodicitéit.

Iech Zäit huelen Iech ze verbesseren, andeems Dir ee Schratt nom aneren huelt
Dobäi handelt et sech ëm déi japanesch Technik vum Kaizen, wat „stänneg Verbesserung“ bedeit. D’Iddi ass, kleng Changementer an Ärem alldeegleche Liewen ze maachen, fir Iech net ze demotivéieren an op Dauer duerchzehalen.

Seng Mësserfolleger relativiséieren
Sech kënnen erëm séier erkréien amplaz seng Feeler ëmmer erëm z’iwwerdenke fir méi einfach virunzekommen!

A falls Dir een oder deen anere Virsaz mol net anhale kënnt, och nodeems Dir dës Rotschléi ugewannt hutt, loosst d’Äerm net hänken! Dat Wichtegst un engem Virsaz ass jo d’Motivatioun an d‘Impulsioun, déi e gëtt wann een en hëlt!