D'Wantersolde lafen! Awer opgepasst, datt Dir net den Iwwerbléck verléiert, well et kann ee séier an de Minus rutschen! Mir hunn e puer Tipps!

Lauschtert hei déi ganz Reportage!

Entscheet fir d’éischt, wat Dir kafe wëllt!
Wann Dir genee wësst, wat Dir sicht, da loosst Dir Iech manner séier vun enger ze (vill?) gudder Offer op engem anere Produit tentéieren. A virun allem, esou kaaft Dir keng Saachen, déi Dir iwwerhaapt net braucht an héchstwarscheinlech ni (oder bal ni) benotze wäert. Preparéiert dofir eng Lëscht, éier Dir Iech op de Wee no de gudden Affäre maacht. A wann Dir mol bei engem Gezei schwaach gitt, keng Panik, Dir dierft Iech natierlech och mol eng Freed maachen – mee ouni Exzess.

Promo wëll net « Qualitéitsproduit » heeschen!
Eng Promotioun, egal wéi uspriechend se ass, wäert ni eng gutt Affär sinn, wa se op engem Produit ass, deen Iech net entsprécht oder deem seng Qualitéit ze wënschen iwwereg léisst. Um Enn verléiert Dir egal wéi Geld a wäert ni zefridde sinn. Et ginn en ettlech Sitten, wou Dir Analysen a Bewäertunge vun honnerte vu Produite fannt, fir se ze vergläichen an esou Är Pärel ze fannen. Zéckt net do nozekucken.

Kuckt Iech fir d’éischt ëm!
Kuckt no de Präisser ausserhalb vun all Promotioun. Verschidden Hiersteller ginn déi conseilléiert Verkafspräisser op hirem Internetsite un. Dat ass generell eng gutt Referenz. Mee et kann awer sinn, datt de Produit, deen Dir am Kapp hutt, reegelméisseg ënner dësem Präis kommerzialiséiert gëtt. Op den Internetsitte vun anere Geschäfter ze surfe kann also och hëllefen, Iech eng Meenung ze maachen. Et ass méiglech, datt dee selwechten Apparat a verschidde Geschäfter verkaf gëtt, mee datt nëmmen eent vun hinnen eng speziell Offer proposéiert.

Vergläicht d’Promotiounen!
Kuckt op den Internetsitte vu verschiddene Geschäfter, déi soldéieren, oder d’Annoncen an de lokalen Zeitunge fir eventuell interessant Promotiounen op engem selwechte Produit ze fannen.

Iwwerwaacht d’Etiketten
Eng Etüd huet gewisen, datt virun allem d’Miwwelgeschäfter an d’Geschäfter, déi Haushaltgeräter verkafen, Tendenz hunn, de Präis fir d’éischt eropzesetzen, fir duerno eng Remise drop ginn. Esou ass de finale Präis, dee wärend de Solden affichéiert gëtt, genee esou héich wéi de Basispräis, wa keng Solde sinn. Et gëllt also opzepassen!

Opgepasst op d’Zesummesetzung vun den Artikelen!
E flotte Mantel aus 40% Woll a 60% Polyester op 300€ soldéiert, dat ass keng gutt Affär. Wat de Produit manner natierlech Faser huet, wat de d’Fabrikatiounskäschte manner héich sinn. Fir datt Dir sécher sidd, eng gutt Affär ze maachen, sicht op der Etikett no der Zesummesetzung. Esou kënnt Dir Iech eng Iddi vun der sougenannter « gudder Affär » maachen!

An, net ze vergiessen, bei allem direkt schwaach ginn ass natierlech net ganz ökologesch. Duerch dee richtege Choix an eng responsabel Haltung, kann ee gutt Affäre maachen, an dobäi un de Portmonni an de Planéit denken! An esou ass et genee richteg!