
© César Baciero / Pexels
Den Elektroauto ass ëmmer méi gefrot! Hei fannt Dir e puer Tipps wéi dir fir iech dee richtege Modell fannt.
Zanter e puer Joren entwéckelen d'Hiersteller méi accessibel a performant Autosgammen. Ausserdeem ginn d'Keefer sech ëmmer méi iwwert hiren ökologesche Foussofdrock bewosst. Dofir wëllen eng ganz Rei vun hinnen dem thermeschen Auto, deen ze vill verschmotzt an ze vill Sprit verbraucht, de Réck dréien. Mee dobäi muss ee sech awer e puer Gedanke maachen iwwer de Budget oder den Typ vum Gefier, fir sécher ze sinn, dee richtege Choix ze treffen, sief et fir en Neiwon, eng Occasioun oder eng Lokatioun.
Hei e puer Indikatioune fir Iech weiderzehëllefen.
Wéi ee Gebrauch am Alldag?
Ären alldeegleche Gebrauch ass ouni Zweiwel dee wichtegste Krittär, fir de Verglach mam Elektroauto ze maachen. Wann Dir nëmme kuerz Trajete maacht, da muss d’Autonomie vun engem elektreschen Auto net ganz grouss sinn, an Dir kënnt City-Car-Modeller wiele mat enger Batterie vun 30 bis 50 kWh. Falls Dir awer méi laang Distanze fuert, da went Iech éischter u Modeller, déi änlech Performancen opweisen wéi déi thermesch Gefierer. Dat heescht, virun allem Luxusmodeller a méi grouss Modeller, vun deene verschiddener eng Autonomie vun iwwer 800km opweisen.
Fir ze bestëmmen, wéi een Elektroauto wielen, kann d’Gréisst och e Krittär sinn: Parkt Dir éischter an enger Stad oder huelt Dir reegelméisseg méi Passagéier mat?
Fir kënne mat Ärem Auto ze rullen, musst Dir e reegelméisseg mat Energie oplueden, dat heescht mat Stroum. Dir kënnt eng Borne doheem benotzen, oder eng vun den ëffentlechen. D’Manéier, wéi Dir Ären Auto opluet hänkt vun Ärem Gebrauch of. Wat d’Capacitéit vun Ärem Elektroauto méi grouss ass, wat d’Capacitéit vun der Batterie méi grouss ass a wat d’Luetzäit méi laang ass.
Dir benotzt Ären Auto fir laang Strecken an Dir musst e séier oplueden? Da kënnt Dir Borne benotzen, déi extra séier oplueden. Op den Autobunne proposéieren d’Raschtstätte meeschtens esou Borne mat enger ganz staarker Charge, déi dacks erméiglechen, säin Auto 80% an ënnert 1 Stonn opzelueden (heiansdo an nëmmen 30 Minutten). Verschidde Bornen op den ëffentleche Stroosse bidden och dës Optioun un.
De Präis vun engem Elektroauto kann heiansdo eng Barriär fir de Kaf sinn. Mee et ginn ëmmer méi Modeller a Präisser fir all Budget.
Net ze vergiessen: den Occasiounsmarché. Do gëllt et awer e ganz wichtege Krittär z’iwwerpréiwen, éier ee sech eng elektresch Occasioun keeft: den Zoustand vun der Batterie. D’Batterië ginn net all d’selwecht gutt al, et ass also wichteg, hir Autonomie ze kontrolléieren, éier een investéiert. Dofir soll ee sech am beschten un e Professionelle wenden, deen en Test vun der Batterie op der Plaz maache kann, fir déi aktuell Autonomie festzestellen. Et ass normal, datt eng Batterie mat der Zäit manner performant gëtt, mee vergiesst net, datt d’Wiessele vun der Batterie ongeféier 40% vum Präis vum Auto ausmécht! Dofir soll se also op d’mannst 70% vun hirer Capacitéit hunn, wann Dir op Nummer sécher goe wëllt.
Gutt ze wëssen ass och, datt den Elektroauto e richtege laangfristegen Investissement ass: Den Entretien vum Elektroauto hëlt manner Zäit an Usproch an et entstinn och manner Ausgaben am Verglach mat engem traditionellen Auto. Eng gutt Aart a Weis ze spueren!