Sech bestueden? Wat eng schéin Iddi! Mee seng Hochzäit organiséiere kann e richtegt Kappzerbrieches sinn!

Lauschtert hei déi ganz Reportage!

D’Logistik, de Choix vun de Prestatairen a sech tëschent 1001 Detailer entscheeden – do kann et engem scho mol schwindeleg ginn. Als Laie kann een do séier den Duerchbléck verléieren. Keng Panik, am beschten einfach Schratt fir Schratt virgoen.

De Budget festleeën
Bestëmmt dee wichtegste Punkt! Mee loosst eis éierlech sinn: Et gëtt am Fong kee gudden oder schlechte Montant, et geet eigentlech drëm, de Budget senge Virléiften a senge Besoinen unzepassen, a villäicht hei an do Kompromësser ze maachen. De Budget definéiert duerno déi verschidden Decisiounen.

Prioritéite setzen
En Designer-Rack, de Schampes fir um Cocktail, e Star-DJ, eng Fotobox, generéis gerëschten Dëscher, en Dron, deen d’Zeremonie aus der Luucht aus filmt – op wat kéint ee verzichten? Ginn et Saachen, déi net negociéierbar sinn? Fir kënne säi Budget tipptopp ze geréieren, muss ee wëssen, wou ee spuere wëll oder kann, wat e Must ass a wat eventuell e Bonus kéint sinn.

D’Gäschtlëscht opstellen
D’Unzuel un Invitéë konditionéiert zwee wichteg Poste vun enger Hochzäit: d’Plaz an den Traiteur. Éier een domadder ufänkt, soll ee fir d’éischt eng Iddi vun der Unzuel u Gäscht hunn. Falls d’Lëscht ze laang ass, nodeems ee se opgestallt huet, muss decidéiert ginn: Sinn der Schwéiermamm hir Frëndinnen aus dem Danzcours wierklech indispensabel? Elo gëllt et zesummen déi richteg Decisiounen ze treffen, net eréischt wann d’Invitatiounen eraus sinn.

Säi Stil fannen
"Fänkt domat un, Iech e Stil fir d’Hochzäit ze sichen, deen Iech gefält. Éischter ländlech, urban, industriell, elegant oder traditionell? Och wann et net obligatoresch ass, en Theema ze wielen, ass et wierklech recommandéiert eng Ambiance, Faarwen an eng Atmosphär festzeleeën. Esou gëtt et e Stil, dee sech duerch déi ganz Hochzäit zitt.

De Sall reservéieren
D’Plaz, wou d’Hochzäit gefeiert soll ginn, ass deen éischte Posten, dee gesicht soll ginn, wann der mat der Organisatioun vun Ärer Hochzäit ufänkt. An dat aus engem gudde Grond: D’Disponibilitéit vun der Plaz bestëmmt den Datum! Esoubal de Sall reservéiert ass, kann een ufänken, déi aner Prestatairen ze wielen a d’Visitte maachen.

Den Datum bei der Gemeng reservéieren
D’Plaz vun der Receptioun ass fonnt a reservéiert? Da séier an d’Gemeng. An de grousser Stied ass et heiansdo komplizéiert en Datum ze fannen. Et soll een also net zécken, dat fréi genuch ze maachen.

D’Prestatairë wielen
Dat ass villäicht eng vun de schwieregste Missioune vun der Koppel. DJ, Fotograf, Traiteur, Fleurist, Videaste, Patissier, Wedding-Planner, Createur vun den Invitatiounen … Et fänkt ee mat de Posten un, déi engem am meeschten um Häerz leien, well verschidde Prestatairë si vill gefrot an dacks iwwer ee Joer am Viraus ausgebucht. Et soll een och Prestatairen wielen, deenen hire Stil engem gefält a mat deenen een e gutt Gefill huet. Et ass nämlech wichteg, sech deen Dag mat Leit ze ëmginn, an déi ee Vertrauen huet.

Seng Inspiratiounen definéieren
Esoubal ee säi Stil fir d’Hochzäit festgeluecht huet, an déi verschidde Prestatairë reservéiert sinn, kann een an den Detail goen. Invitatiounen, Menü, Dekoratioun op den Dëscher, Gäschtebuch, Animatiounen …  Et sammelt een e Maximum un Inspiratiounen, andeems ee verschidden Tabloen op Pinterest zum Beispill organiséiert. Esou kann een de verschidde Prestatairë weisen, zum Beispill dem Traiteur oder dem Fleurist, wat engem gefält. Eng Foto seet oft méi aus wéi eng einfach Beschreiwung.

An duerno: uff! Elo kënnt Dir endlech vun Ärem Dag profitéieren!