De Summer steet bal virun der Dier. Firwat net elo schonn no engem Summerjob kucken?

Lauschtert hei déi ganz Reportage!

Wann Dir – oder Äre Jugendlechen – tëschent 15 a 27 Joer hutt, kënnt Dir Iech fir e Summerjob zu Lëtzebuerg mellen, an dat fir eng Dauer vu maximal 2 Méint.

Studentenjobben an Jobbe fir déi manner wéi 18 Joer ginn et der vill zu Lëtzebuerg. D’Gemenge selwer proposéieren dacks hire jonke Residenten u Summeraarbechten deelzehuelen, wéi zum Beispill Gaardenaarbechten op de Gréngfläche vun der Gemeng. Dës Aarbechte ginn iwwregens relativ gutt bezuelt.

Summerjob oder net, d’Aarbechtskonditioune sinn déi selwecht wéi déi vun all aner Aarbecht: fir wéi ee Posten och ëmmer, Dir musst e speziellen Aarbechtskontrakt fir d’Dauer vun der Missioun mat Ärem Employeur ënnerschreiwen. Och wann Dir Recht op déi selwecht Aarbechtskonditioune wéi déi aner Salariéen aus dem Betrib hutt, gëllt et awer ze wëssen, datt e Studentenjob weeder Recht op bezuelte Congé nach op e Krankeschäin gëtt. Falls Dir Iech ausnamsweis fräihuele wëllt, musst Dir selbstverständlech den Accord vum Employeur kréien, mee Dir wäert wärend dëser Absence net bezuelt ginn.

Wat d’Minimum-Bezuelung ugeet, ass dës un den Alter vum jonke Salarié gebonnen.
Dir hutt tëschent 15 a 17 Joer? Da gitt Dir 75% vum soziale Mindestloun bezuelt.
Dir hutt tëschent 17 an 18 Joer? Da gëtt de Stonneloun op Basis vun 80% vum soziale Mindestloun verrechent.
Ab 18 Joer gëtt Äre Salaire op Basis vun enger net qualifizéierter Vollzäitaarbecht verrechent (40 Stonnen d’Woch).

Ze wësse gëllt och, datt d’Studentenjobben exoneréiert si vun de Cotisatioune fir d’Gesondheetskeess, d’Pensioun oder d’Fleegeversécherung. Ären Employeur muss Iech awer beim Centre commun de la Sécurité Sociale umellen.

Eng weider gutt Nouvelle fir de Student: bis e gewësse Montant d’Stonn brauch ee keng Steieren ze bezuelen! Mee opgepasst: E Student, dee méi wéi 4 Méint an engem Schouljoer schafft, verléiert de Benefice vun den Allocations-famillialen, wann säi Bruttosalaire am Mount méi héich oder d’selwecht ass wéi de soziale Mindestloun.

Wou fënnt een e Summerjob?
Wéi scho gesot, proposéieren d’Gemengen hire jonke Residente verschidden administrativ Aarbechten, Saisonsjobbe fir d’Aktivitéiten an de Vakanzen, wéi d’Spillnomëtteger, oder och Gaardenaarbechten ze maachen. Wann Dir näischt dovunner héiert, renseignéiert Iech direkt bei Ärer Gemeng ab Mee.

Wéini soll een ufänken, e Summerjob ze sichen?
Fir eng Chance ze hunn, ee Summerjob am Secteur ze fannen, deen een interesséiert, soll een esou fréi wéi méiglech mat sichen ufänken, an idealerweis … ab Mäerz! Déi ëmgedréinten Technik kann awer och eppes bréngen: Falls Dir am Ufank vum Summer nach kee Saisonsjob hutt, kann et nach net ze spéit si fir sech ze bewerben. Et ginn ëmmer Leit, déi dee leschte Moment ofsoen. Wann den Employeur keng aner Léisung huet, kann et gutt sinn, datt en Iech séier zouseet!

Wéi sicht ee richteg?
Den éischte Schratt fir Kontakt mat enger Recruteur opzehuelen, an éier ee sech fir e Summerjob bewerbt, virun allem, wann ee keng Erfarung huet, ass säi CV opzestellen. Dir wäert héchstwarscheinlech a Konkurrenz mat villen anere Kandidate sinn, dofir gëllt et sech ze demarkéieren! Hieft Är Kompetenzen a Verbindung mam Job, fir deen Dir Iech bewerbt, ervir, wielt en Titel fir Ären CV, dee dem Job, fir deen Dir Iech mellt, entsprécht (an net „CV“), schreift e personaliséierte Saz fir Iech virzestellen, asw.

Wat d’Motivatiounsschreiwes betrëfft, ass et fir e Summerjob wichteg, d’Datumer (eventuell och d’Horairen) ze preziséieren, wärend deenen Dir disponibel sidd. Falls Dir keng Erfarung hutt, justifizéiert, firwat dëse Summerjob fir Iech interessant ass, oder datt Dir eng Passioun oder e perséinlechen Interêten hutt, fir Iech fir dësen Job ze mellen. Schreift keng banal Tournuren, déi Dir eventuell a Modeller vu Motivatiounsbréiwer fannt a sicht bei Iech selwer Är tatsächlech Motivatioun!