Plënnere soll net improviséiert sinn. Et geet net nëmmen drëms Miwwele vun enger op déi aner Plaz ze transportéieren, d'ass e Changement fir d’ganz Famill!

Lauschtert hei déi ganz Reportage!

Niewent dem Virbereede vun de Këschten, kënnt och nach eng ganz Rei administrativ Formalitéiten dobäi, déi et net ze negligéiere gëllt. Fir also ganz relax den Dag vun Ärer Plënner ze sinn, loosst eis zesumme kucken, wéi een am beschten de Wiessel vun Ärer Residence plangt.

Fir gutt unzefänken, profitéiert ongeféier dräi Méint virun Ärer Plënner fir den Tri an Äre Saachen ze maachen! Organiséiert e „Floumaart“ doheem, vergitt verschidde Saache fir de gudden Zweck a gitt alles wat futti ass oder net méi gebraucht ka ginn op den Tipp.

Frot en Devis bei verschidde qualifiéierte Plënner-Betriber a wielt och déi richteg Zäit: am beschten net am Enn vum Mount oder wärend de Schoulvakanzen. Dat si ganz gefrote Perioden. Esou kënnt Dir déi verschidden Entreprisen a Konkurrenz bréngen an eventuell vu besseren Tariffer profitéieren. Dir ëmgitt esou och eventuell Problemer, déi mat enger interimärer oder net qualifiéierter Main-d’oeuvre zesummenhänken, déi wärend den Haaptperioden am Betrib eng Hand mat upaken.

Wat d’Virbereede vun de Këschten ugeet, fänkt een am beschten ongeféier 2 Méint virum Dag vun der Plënner un. Falls Dir iwwer eng Plënner-Entreprise fuert, frot no Këschten, déi sinn am Präis mat dran. Soss kënnt Dir der kafen oder fannen. Mee opgepasst, huelt keng ze grouss Këschten. Wa se bis voll sinn, ass et net méi esou einfach se ze transportéieren. A kuckt och ëmmer, datt se zolidd genuch sinn.

Gitt Raum no Raum vir a fänkt mat den Objeten un, déi Dir bis d’Installatioun an Ärer neier Wunneng net méi braucht. Leet déi schwéierst Saachen ënnen an d’Këscht et maacht déi liichtst ganz uewen. Et ass besser, et hëlt een e méi kleng Këschte vu raisonnabeler Gréisst a Gewiicht, wéi e puer grouss Këschten, déi bal net ze transportéiere sinn – och net vun der kräftegster Plënner-Hëllef!

Denkt och drun, den Inhalt vun all Këscht ze notéieren an de Raum, an deem se soll an Ärer neier Wunneng ofgestallt ginn. A markéiert och gutt lieserlech, ob den Inhalt zerbriechlech ass. Maacht Är Valeursobjeten ëmmer a separat Këschten. An huelt hiren Transport selwer an d’Hand.

Organiséiert mam Plënner-Betrib eng Visitt vun Ärer zukünfteger Wunneng an der Ëmgéigend. En einfache Gest, dee ganz einfach a ganz séier schlecht Iwwerraschunge verhënnere kann! Sot dem Betrib och, d’Plaz fir d’Parke vum Camion ze reservéieren.

Ee Mount virun der Plënner ass de richtege Moment, fir sech ëm déi administrativ Saachen ze këmmeren. Stellt eng Lëscht mat de Servicer op, déi kontaktéiert musse ginn. Esou hutt Dir manner Stress a vergiesst och näischt: den Transfert vum Courrier, Stroumversuerger informéieren, Telefonsbedreiwer kontaktéieren, d’Assurance, d’sozial Prestatiounen, d’Banken … d’Lëscht gëtt séier laang!

Deen Dag virun der Plënner musst Dir déi lescht Saachen iwwerpréiwen. Zum Beispill: an der Kiche musst Dir d’Elektrogeräter erauszéien. Dësen Tipp zielt virun allem fir den Tifküler, well dëse muss komplett entäist sinn.

Denkt och e Sak virzebereede mat e puer Kleeder a Kosmetikartikel. Esou braucht Dir net all Këscht opzemaache fir Är Zännbiischt ze fannen. Well een all Imprevu antizipéiere muss, kann et och nëtzlech sinn, un e klenge Snack, Kaffi a Waasser ze denken. An zu gudder Lescht, haalt Är Identitéitspabeieren an Är Bankkaarte bei Iech. Esou sidd Dir sécher se net ze vertässelen. An elo: Wëllkomm an Ärem neien Doheem!