Den éischte Virdeel, doheem Sport ze maachen? Et ass ganz einfach! Keng Zäitbeschränkung wéi an engem Fitnessstudio an nëmmen e puer Geräter sinn néideg.

Lauschtert hei déi ganz Reportage!

E wichtege Punkt, well ganz oft sinn Zäit a Budget begrenzt! Wéi eng kierperlech Aktivitéite kann een dann elo doheem maachen?

Seelsprangen
Leider gëtt dacks vergiess, wéi wichteg an effikass dëse Fitnessaccessoire ass: d’Sprangseel. Perfekt, fir doheem a Form ze bleiwen! Et ënnerhält den Ënnerkierper, strafft och d’Bauchmuskelen, d’Äerm an d’Schëlleren. Et ass einfach ze benotzen an ideal fir ofzehuelen, fir e flaache Bauch, fir d’Ausdauer ze trainéieren an der Cellulite entgéint ze wierken. Fänkt mat 5 Minutte Seelsprangen un an erhéicht no an no bis op 15 Minutten (entsprécht 30 Minutten Joggen), an duerno bis op en Training vun 30 Minutten. Ustrengend, mee d’Resultat ass do! Am beschten op engem net ze haarden Ënnergrond, a virun allem ouni Noperen ënnert Iech!

De Gainage, fir Är Bauchmuskelen ze trainéieren
Et geet näischt iwwer Bauchbeckenübungen, fir doheem a Form ze bleiwen a virun allem seng Bauchmuskelen ze stäerken. D’Basisübung ass d’Bauchplank: Stëtzt Iech op Är Ielebéi an op Är Féiss, zitt d’Bauchmuskelen zesummen an haalt d’Positioun tëschent 30 Sekonnen an enger Minutt. De Kierper muss wéi bei enger Liegestütz positionéiert sinn.
Maacht 3 Sätz mat enger Paus tëschent de Sätz vun 30 Sekonnen, 2-3 Mol d’Woch. Fir déi mëttel a grouss schräg Bauchmuskelen ze trainéieren, maacht eng säitlech Plank: Stäipt Iech säitlech op een Ielebou, d’Féiss an d’Been zesummen an haalt d’Positioun oder maacht kleng Beweegungen mat der Hëft an dem Becken, fir dat Ganzt méi schwéier ze maachen!

De Gymnastikball
De Gymnastikball ass e Fitnessball, mat deem Dir déi déif Muskelen duuss stäerke kënnt. Op engem Gymnastikball sëtzen heescht am Gläichgewiicht bleiwen an esou déi entspriechend Muskele vun der Positioun ureegen. Och wann de Ball virun allem eng Wierkung op d’Bauchmuskelen huet (de Gymnastikball ass immens effikass, fir e flaache Bauch ze kréien), hëlleft en och, d’Uewerschenkel an den Hënneschten ze stäerken.
E Gymnastikball gëtt no Ärer Gréisst gewielt, d’Knéie mussen am rietse Wénkel sinn, wann Dir drop sëtzt. Denkt och drun, datt Dir d’Übunge méi einfach duerchféiere kënnt, wann de Ball méi flexibel ass. Mir recommandéieren Iech, de Ball no an no opzeblosen.

D’Plank
Dëst ass eng vun den einfachsten an effikassten Übunge fir de ganze Kierper ze kräftegen. Dir braucht kee Sportsgezei, mee nëmme 5 Minutten. Kuerz gesot, et gëtt kaum eng aner Übung, déi esou einfach an effikass ass, fir d’Kraaft an d’Ausdauer ze verbesseren.
Ganz einfach d’Ënneräerm parallel zum Kierper op de Buedem leeën, d’Ielebéi ënnert d’Schëlleren. Passt op, datt Äre ganze Kierper vu Kapp bis Fouss riicht ass.

Burpees, fir Kalorien ze verbrennen
Dësen Exercice ass zwar ustrengend, mee och e richtegen Allrounder. Dir trainéiert Äre ganze Kierper a sollicitéiert d’Muskelkraaft an d’Ausdauer. Wéi dat geet? Dir gitt aus dem Stand an eng flaach Positioun, kuerz d’Broscht op de Buedem, an duerno erëm erop an d’Ausgangspositioun, nodeems Dir an d’Knéie gaange sidd an e Sprong gemaach hutt, wou Dir iwwert Ärem Kapp an d’Hänn geklappt hutt.

Dir gesitt, et ass nawell einfach doheem sportlech aktiv ze sinn. Alles wat Dir braucht ass e bësse Plaz an Är Motivatioun!