Wéi vill technologesch Informatiounen huet och d’Iddi vun engem Metaverse e laange Wee hannert sech, ier sech d’Silicon Valley dofir interesséiert hat!

Lauschtert hei déi ganz Reportage!

De Begrëff kënnt fir d’éischte Kéier an engem Science-Fiction-Roman vir, Snow Crash, deen 1992 vum amerikanesche Schrëftsteller Neal Stephenson publizéiert gouf an andeem ee sech mat engem spezielle Brëll mat dësem dräidimensionale Universum verbanne kann, wou virtuell Aktiounen Impakter op déi richteg Welt hunn.

Enn Juli 2021 gëtt d’Fiktioun Realitéit, wéi de Mark Zuckerberg, Patron vu Facebook, bekannt gëtt, datt säi Betrib e Multi-Milliarden-Dollar-Plang fir den Opbau vun engem immersiven Universum virgesäit, andeem ee mat senge Léifste kommunizéiere kann, Zougang op e Liewen am Büro kann hunn a vun Divertissementer profitéiere kann: Et ass d’Fusioun vun engem virtuellen Universum mat Funktiounen, déi fest an der Realitéit verwuerzelt sinn. An dësem Universum kann ee ganz konkret Elementer, Concerten oder Geschäfter, asetzen, an deenen een Erfarunge maache kann. Et wier e konstanten Universum, ouni keng Paus oder Neistart, deen e Gefill vun aktiver Präsens vermëttele soll a mat sensoriellen Inhalter an Erfarunge gefëllt wier – dat, baséierend op senger eegener Wirtschaft, mat der Méiglechkeet, Universume matenee kënnen ze verbannen, déi bis elo nach getrennt sinn. Beispill: De Kaf vun engem (richtegen) Hiem um Internet duerch deen e Bong erstallt gëtt, mat deem Dir Äre virtuellen Avatar akleede kënnt, mam selwechte Gezei, deen dann an engem Reuniounsraum oder bei enger Partie Online-Poker ze gesinn ass.

Dësen Typ vu Verkaf gëtt et iwwregens schonn a bréngt verschidden Entreprisë riseg Zommen, wéi dem Studio Epic Games, Entwéckler vum bekannte Videospill Fortnite, dat en Ëmsaz vu 5,1 Milliarden Dollar 2020 generéiert huet, dovunner e groussen Deel duerch de Verkaf vu virtuellen Accessoiren, déi tëschent 2 an 20 Dollar d’Stéck kaschten.

Niewent de Gafam, sinn natierlech d’Entwéckler vu Videospiller wichteg Acteuren an der Course op de Metaverse. Et goufe schonn immens vill Experimentatiounen op dëse Plattforme gemaach, wéi déi impressionnant Rei vu virtuelle Concerten, déi am Abrëll 2020 vum amerikanesche Rapper Travis Scott op Fortnite organiséiert gouf. Wärend eng Majoritéit vun de Leit wéinst der Covid-19-Pandemie ageschränkt waren, huet de Kënschtler bal 28 Millioune Spiller zesummebruecht, déi zu Spectateure goufen an d’Geleeënheet haten, wärend sengem Concert fir e gudden Zweck e risegen Avatar vum Sänger ronderëm ze wirbelen.

Aktuell ass dat privilegéiert Ekipement, fir kënnen an de Metaverse ze kommen, de Virtual-Reality-Brëll, mat deem de User an eng 360-Grad-Erfarung andaucht. D’Virtual-Reality-Brëller wäerten awer ëmmer méi sophistiquéiert ginn, an déi kreativ virtuell Universumen, wäerten ëmmer méi realistesch designt sinn. Dat vun haut ass näischt par rapport zum deem, wat eis nach erwaart.

De Metaversum seng Méiglechkeete sinn onbegrenzt – esou onbegrenzt, datt engem bal schwindeleg gëtt an ee sech freet, wéi een Ethikcode déi verschidden Aktivitéiten encadréiere wäert. D’Fuerscher ginn awer dovunner aus, datt de Metaversum kee Raum ouni Gesetz wäert sinn. Wéi bei Airbnb an Uber, wäerte Gesetzer oder soss Reegele fir de Secteur ze reguléieren op d’Bee gestallt ginn, soubal Excèsen opdauchen. Well, wéi reegelt een den Déifstall oder d’Zerstéierung vu virtuellen Objeten, déi Dausende vun Euro kascht hunn? Wäert een am Metaversum op een eenzegen Avatar beschränkt sinn? Wéi gëtt de Mord vun engem digitalen Zwilling geréiert?

De Spektrum vun der sozialer Isolatioun läit och iwwer dësem Universum. Gefaart gëtt, datt eng digital Offer, déi ëmmer méi immersiv ass, d’Realitéit duerch dat Virtuellt ersetzt. Verschidde Leit kéinten zum Beispill tëschent enger realer Wierklechkeet, déi hinnen net entspriecht, an enger virtueller Welt, an där si sech gutt spieren, hänke bleiwen!

D’Finalitéit vum Metaverse ass awer eng Verankerung an der Realitéit. Et soll een net vergiessen, datt d’Suen, déi een am Metaverse ausgëtt, fir e Concert ze lauschteren oder Gezei fir säin Avatar ze kafen, natierlech echt Sue bleiwen! Iergendwann muss ee sech erëm mat der realer Welt connectéieren, déi egal wéi ëmmer weider leeft.