An de leschte Jore sinn nei alternativ Transportmëttel opkomm, déi virun allem an de Stied e grousse Succès hunn!

Vëlo, elektresch Trottinett, Hoverboard, Monowheel … Wat fir eng alternativ Fortbeweegungsmëttel ginn et? Wéi wielt een déi richteg?

Lauschtert hei déi ganz Reportage!

De Vëlo
De Vëlo ass déi am meescht verbreeten an eelst Alternativ zum Auto. Ekologesch a ekonomesch, ass de Vëlo och tipptopp fir kierperlech aktiv sinn an et  huet ee praktesch keng Aschränkungen op der Strooss (Stau, Horairë vum ëffentlechem Transport asw.). Mat engem E-Bike brauch de Benotzer vun haut manner Efforten ze maachen, dat duerch d’elektresch Assistance, déi hie beim Pedalléieren ënnerstëtzt. Mee den elektresche Vëlo bleift e Vëlo: Et muss ee schonn op d’Pedall drécke fir virunzekommen a vun der der Hëllef vum Motor, deen duerch eng Batterie bedriwwe gëtt, ze profitéieren. D’Assistance schalt sech aus, wann ee mam Pedalléieren ophält a wann een op 25 km/h kënnt. Mee d’Méiglechkeete sinn awer vill méi grouss, wéi déi vun engem klassesche Vëlo! Mat der Autonomie kënnt Dir, jee no Batterie, Gewiicht a d’Konfiguratioun vum Trajet, 30 bis 60 km, wann net esouguer 90 km bis 120 km fueren. Den E-Bike ass also eng ideal Léisung, fir bal ouni Effort op d’Aarbecht ze kommen!

De Segway
De Segway, dee bekannt gouf duerch d’Mark mam selwechten Numm, ass eng Plattform mat zwee parallelle Rieder. De Benotzer steet drop a steiert e mat engem Guidon. Hie muss sech no vir leene fir Vitess ze kréien, an no hannen, fir méi lues ze ginn. E kann eng Geschwindegkeet vu bis zu 20 km/h erreechen, woubäi d’Vitess an der Bannestad op 6 km/h begrenzt ass. Ganz stabil, ganz zouverlässeg, mee relativ schwéier (45kg an der Moyenne), hëlt en och zimmlech vill Plaz an. Mee dëst Instrument ass nawell interessant an e bëssen de Virreider vun den alternative stätteschen Transportmëttel.

D’Monowheel
Dacks als Foussgängeraccessoire kategoriséiert, proposéiert d’E-Monowheel awer en immens groussen Beweegungsspektrum. Et gëtt geschat, datt e Foussgänger mat engem Meter pro Sekonn oder mat 3,6 km/h geet, wou d’Monowheel am ëffentleche Raum legal 25 km/h erreechen däerf. D’Monowheel proposéiert eng Vitess vun engem Vëlo an erméiglecht Iech, Iech praktesch iwwerall ze schläichen an et einfach ze raumen! Wa 85% vun den Trajeten an der Stad net méi laang si wéi 8 km, entsprécht d’elektronesch Eerad perfekt dësem stättesche Besoin.
Op engem Monowheel ouni Hänn iwwert d’Stroossen ze flitzen ass e Genoss wéi déi op engem Monoski, déi engem e Gefill vun absolutter Fräiheet a Wuelbefanne gëtt. Seele sinn d’Fortbeweegungsmëttel esou entspanend an agreabel! Ausserdeem ass d’Eerad e proppert an ëmweltfrëndlecht Transportmëttel, ouni Zäregasemissiounen. Wat de Portmonni betrëfft huet d’Eerad och vill Virdeeler: bal keng Entretienskäschten, gerénge Stroumverbrauch, keng Parkkäschten, manner Transportkäschten asw.

D’elektresch Trottinett
D’Trottinett ass haut net méi aus dem ëffentlechen Transport ewech ze denken an ëmmer méi Leit maache vun hir Gebrauch, well et eng ekologesch Alternativ zum Auto fir d’Mobilitéit ass. D’elektresch Trottinett ass leeschtungsstaark, praktesch an ëmweltfrëndlech, a proposéiert eng gutt Autonomie an eng ausräichend Leeschtung, fir sech ouni Effort an der Stad ze beweegen. Hautdesdaags ginn et immens vill Modeller, déi all verschidde Funktiounen ubidden. Déi eng kënnen zesumme geklappt ginn, fir Plaz ze spueren, déi aner si waasserdicht, fir datt se iwwerall hin kënne matgeholl ginn, och wann et reent.
D’Präisforschett vun den E-Trottinetten ass och relativ breet. Et muss ee seng Besoinen un d’Trajeten upassen:  Wéi wäit fueren ech? Geet et vill biergop? Muss ech meng Trottinett droen? Wou muss ech se parken? Ass se sécher? Dës Froen hëllefen Iech, déi richteg Trottinett ze wielen, déi zu Äre Besoine passt.

A vergiesst net dat alternatiivt Transportmëttel, dat et schonn zanter Millioune vu Jore gëtt an dat immens gutt fir d’Gesondheet ass: zu Fouss goen!