
© ING Luxembourg
Wéi wier et mat campéieren? Lo wou d’Temperaturen an d’Luucht ginn huet een dach richteg Loscht, méi no bei der Natur ze sinn!
Mat engem Drëttel vun all den Nuechten, ass d’Campéieren, mam Zelt oder mat enger Rulott, ee vun de gréissten touristesche Secteure vum Grand-Duché. Europawäit positionéiert sech Lëtzebuerg esouguer op der éischter Plaz, zesumme mat Dänemark!
Zu Lëtzebuerg si 84 Campinger repertoriéiert. Zanter 2018 proposéiert de Wirtschaftsministère / d’Generaldirektioun fir Tourismus en offiziellt Klassementsystem vun de Campinger. Et ass also eng Qualifikatioun, déi vum Lëtzebuerger Staat garantéiert ass, an zouverlässeg an transparent ass wat d’Objektivitéit betrëfft – wat net de Fall ass vun de Meenungsplattformen um Internet!
Et gëtt en Total vun 184 Krittären, agedeelt a 4 Kapitelen, op déi mir elo net weider agoe wëllen, mee déi näischt vun de klengen Detailer vergiessen, déi den Openthalt verzauberen (oder verdierwen) kënnen!
Hei eng Selektioun vu mat de beschte Campinger:
De Camping Auf Kengert zu Miedernach, deen an enger ganz grénger Ëmgéigend vum Mëllerdall läit, an e schéinen Terrain mat familialer Ambiance a flotte Prestatioune proposéiert, ënnert anerem eng Schwämm, e Buttek an e Restaurant. Plaze fir Zelter a Rulotten, Chaleten, Tipien, Lodgen … et ass fir jiddereen eppes dobäi!
Den Europacamping Nommerlayen zu Noumer ass Member vum Grupp „The leading camping and caravaning parks of Europe“ an ee vun de schéinste Campinger am Land. E läit an de Bëscher vum Mëllerdall a proposéiert all méiglech Ekipementer a Servicer: Restaurant, Geschäft, Piscine, Animatiounen, an all méiglech Typpe vu Campéieren. En ass op vun Abrëll bis Oktober a proposéiert och seng Rulott eidel gratis ausserhalb vun der Saison do stoen ze loossen.
De Camping Bleesbruck zu Bleesbréck läit direkt un Dikrech. Dësen immens gréngen Terrain mat Beem verfügt iwwer säin eegene Restaurant an och een FKK-Beräich. Et ass méiglech, kleng aus Holz gebaute Rulotten ze lounen, déi dann op Är Stellplaz installéiert kënne ginn, wou sech d’Elteren oder Frënn iwwernuechte kënnen!
De Camping Fuussekaul zu Heischent: an de Lëtzebuerger Ardennen, e richtegt Duerf mat Restaurant, Epicerie, Schwämm, Animatiounen … Dëst 4-Stären-Etablissement, wat an engem grénge Kader läit, huet eng Holzheizung, déi all d’residentiell a lokativ Hebergementer hëtzt!
A wann ee fräi campéiere wëll?
Zu Lëtzebuerg ass wëll campéieren allgemeng fir eng Nuecht toleréiert.
Mat Autorisatioun vun de Proprietären ass et esouguer erlaabt op privaten Terraine mat maximum 2 Zelter d’Nuecht ze verbréngen. Ëmmer erlaabt ass, am Gefier ze schlofen, fir erëm an Toppform ze kommen, an zelten ass meeschtens toleréiert. Déi eenzeg Ausnam ass de Stauséi Uewersauer, wou ee weeder op privatem Terrain nach mam Zelt campéieren dierf.
Sief et op engem Camping oder an der Natur, de Choix ass grouss! A lass!