Mat klenge Kanner iwwer Suen ze schwätzen ass net ëmmer sou evident, well si nach keng richteg Notiounen dervun hunn.

Lauschtert hei déi ganz Reportage!

Mee d'Wëssen iwwer Finanzen ass awer grondleeënd, fir datt Kanner sech zu autonome Perséinlechkeeten entwéckele kënnen. Wat musst Dir am Kapp behalen, wann Dir mat Äre Kanner iwwer Sue schwätzt?

1) Weist Äre Kanner wéi ee sech richteg verhält: Wann Dir wëllt, datt Är Kanner d'Wichtegkeet vum Spuere kenneléiere sollen, weist hinne, wéi Dir spuert. Erkläert hinnen, firwat Spuere wichteg ass, a wat d'Erspuernesser méiglech maachen.

2) Schwätzt mat Äre Kanner iwwer Är Entscheedunge fir Suen auszeginn: Wann Dir vermeit, gewësse Produkter (z. B. gewësse Marken) ze kafen, erkläert Äre Kanner d'Grënn derfir. Wann Dir Liewensmëttel/Produkter en Gros akaaft, erkläert hinnen, firwat dës Entscheedung finanziell Sënn mécht.

3) Bréngt Ärem Kand d'Bezéiung tëschent Aarbecht a Sue bäi: finanziellt Wësse beschränkt sech net nëmmen op Froen zu Erspuernesser. Den Entrepreneursgeescht ze entwéckelen ass en effikasst Mëttel, fir Ärem Kand d'Bezéiung tëschent Aarbecht a Sue bäizebréngen. Dat bedeit net nëmmen, him ze erlaben, e bësse Suen ze verdéngen. Et geet drëm, him wichteg Kompetenzen, ewéi Kreativitéit, Originalitéit, Ausdauer an Reflexioun bäizebréngen, dat heescht, Kompetenzen, déi noutwendeg si fir d'Féierung vun enger Entreprise (a vum Liewen!).

4) Loosst et selwer e bësse Sue geréieren: d'Kanner verstinn net ëmmer, wat et heescht, wann Dir hinne sot "ech hu keng Suen" fir eppes ze kafen. Si verstinn net onbedéngt, datt wann d'Suen opgebraucht sinn, datt se dann zerguttst fort sinn. Et ass eng gutt Method, Äert Kand eng gewëssen Zomm Sue verwalten ze loossen, fir him bäizebréngen, datt ee Suen géint eppes antauscht. Wann Dir him e bësse Suen uvertraut, léiert dat Äert Kand och, datt et wichteg ass, Entscheedungen ze treffen an datt een net ëmmer alles ka kréie wat et wëll.

5) Bréngt Ärem Kand bäi, wéi wichteg et ass, Ziler ze hunn: Mir hunn net ëmmer dat wat mer wëllen, wa mer et wëllen. Esou ass d'Liewen. Et ass wichteg, datt Äert Kand versteet, datt och wann et net kann dat wat et wëll, an deem Moment hunn, wann et et wëll (z. B. en neit Videospill) et méiglech ass, op dëst Zil hinzespueren an et esou ze erreechen.

An dann ass et virun allem wichteg, Ärem Kand bäizebréngen, datt d'Gléck an deene klengen an einfache Saache vum Liewe läit: Zesumme Qualitéitszäit ze verbréngen, Familljeritualer ze hunn, déi d'Famill zesummeschweessen, zesumme Saachen ze kreéieren... Bréngt him bäi, tëschent Besoinen a Wënsch ze ënnerscheeden a sot him, datt déi schéi Momenter, déi een deelt, all Kaddoe vun der Welt opweien!