
© ING Luxembourg
Wousst Dir, datt e Student, egal op Resident oder Frontalier, e Prêt vum Staat fir seng Héichschoulstudie ka kréien?
Et handelt sech dobäi also ëm e Prêt, an net ëm eng Bourse, déi de Student och ufroe kann. D’Grondviraussetzung, fir kënne vun der finanzieller Hëllef ze profitéieren, ass natierlech datt de Student vollzäit oder deelzäit an engem Héichschoulprogramm ageschriwwen ass.
D’Schüler aus dem Enseignement secondaire an dem Enseignement technique sinn och fir d’finanziell Hëllef eligibel.
De Student, deen net am Grand-Duché wunnt, muss och follgend Konditiounen erfëllen:
- entweeder selwer lëtzebuergeschen Aarbechter oder Ressortissant aus der Europäescher Unioun sinn, a eng Aktivitéit am Grand-Duché zum Zäitpunkt vun der Ufro vun der finanzieller Hëllef ausüben;
- oder d’Kand vun engem Salarié sinn, deen zu Lëtzebuerg wunnt, ënner der Viraussetzung, datt dësen zum Ënnerhalt vum Student bäidréit.
De Montant vum Prêt garanti par l’État ass 6.500 € pro akadeemescht Joer. Dëse Montant ka mat 1.850 € fir d’Aschreiwungskäschte gehéicht ginn, an och mat enger Majoratioun vun engem maximale Montant vun 1.995 €. De Gesamtmontant vum gehéichte Basisprêt ka jee no Situatioun 10.345 € erreechen.
De Student muss mam Remboursement vum Prêt spéitstens 2 Joer nodeems hie seng Studien opgehalen oder fäerdeg gemaach huet ufänken. Hien huet maximum 10 Joer fir de Prêt zeréckzebezuelen. De Lëtzebuerger Staat huet Accorde mat verschidde conventionnéierte Banken ofgeschloss. Gutt Nouvelle: d’ING ass eng vun dëse Banken! De Student muss also bei enge vun dëse Banke seng Demarchë maachen.
D’accordéiert Prête gëlle fir d’Dauer vun engem akadeemesche Joer. De Student ka vu Prête fir eng Unzuel u Studentejoer profitéieren, déi mat 2 Semester déi offiziell Dauer fir den Ofschloss vum Studienzyklus, an deen hien ageschriwwen ass, iwwerschreiden. Dat heescht also, datt de Student ee Joer redoubléiere kann, ouni dofir de Benefice vun der finanzieller Hëllef ze verléieren.
E Student deen am 3. Zyklus (Doktorat, PhD) ageschriwwen ass, ka vun enger finanzieller Hëllef vun enger maximaler Dauer vu 4 Joer profitéieren.
Niewent dësem Prêt kann de Student natierlech och e Prêt personnel ufroen. Mee d’Remboursementskonditioune sinn net déi nämmlecht!