
© ING Luxembourg
All Land huet säi ganz eegene Schoulsystem an och Lëtzebuerg ass do keng Ausnam. Vun der Grondschoul bis an de Secondaire ass hei am Land alles gereegelt.
Zu Lëtzebuerg gëtt d’Bildung net an Hapt oder Niewefächer ënnerdeelt! Den allgemengen Usaz ass, dass déi formal an net-formal Bildung ënner déi selwecht Zoustännegkeet falen. Schoul, Kannerbetreiung, Museksunterrecht an all ausserschoulesch Aktivitéite sinn Deel vun där selwechter Bildungslandschaft, déi sech ausbreet an entwéckelt, fir jiddwer Kand déi bescht Erfollegschancen ze bidden.
Wat déi wichtegst Informatiounen ugeet, esou ass de Groussdeel vun de Schoulen zu Lëtzebuerg vum Stat ofhängeg a gratis. Am Groussherzogtum gëllt d'Schoulflicht am Alter vu 4 bis 16 Joer. D’Schouljoer fänkt allgemeng de 15. September un a geet bis de 15. Juli.
Normalerweis hunn d’Kanner 3 Deeg Ganzdagsschoul, also méindes, mëttwochs a freides vun 8 bis 16 Auer mat enger Mëttespaus vun 2 Stonnen. Dobäi kommen 2 Deeg hallefdaags moies, also dënschdes an donneschdes. Déi duerchschnëttlech Zuel vun de Schüler pro Klass läit bei 15 an se däerf 24 (20 fir déi klengst Klassen) net iwwerschreiden. D’Grondausbildung ëmfaasst déi néng éischt Schouljoer a fänkt am Alter vun 3 oder 4 Joer un an hält am Alter vun 11 oder 12 Joer op.
D’Primärschoul ass zu Lëtzebuerg méisproocheg, vue dass Lëtzebuerg mat Lëtzebuerg, Franséisch an Däitsch en dräisproochegt Land ass. Dohier fänken d’Kanner un an däitscher an dono a franséischer Sprooch ze liesen an ze schreiwen. Um Enn vum Cycle sinn d’Haaptsprooche vun der Schoulausbildung Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch. Fir Schüler, déi mat kenger vun dësen 3 Sprooche vertraut sinn, gëtt Ënnerstëtzung bereetgestallt. Wärend dem leschte Cycle huelen d’Schüler un engem Orientéierungsprozess Deel a ginn un deen Typ Secondaire weidergeleet, deen hire Bestriewungen a Fäegkeeten am beschten entsprécht.
De Secondaire dauert sechs bis siwe Joer an et gëllt tëscht zwou Aarten ze ënnerscheeden. Dat wier déi klassesch Secondairausbildung, deen d’Schüler op en Héichschoulstudium virbereet an d’haaptsächlech beruffsorientéiert technesch Secondaireausbildung.
Ausserschoulesch bitt den Educatiounsministère e breede Spektrum vun Aktivitéite fir Kanner vun der Grondschoul un (Naturopenthalter, Musekscoursen, Sprooch- a Sportopenthalter asw.). Zil ass d’Entwécklung vun hire soziale Kompetenzen ze ënnerstëtzen an zu hirer Entwécklung an hirem Wuelbefanne bäizedroen. Dës Politik gëtt och am Lycée virugeféiert an ëmfaasst eng Auswiel u Léier-, Kultur- a Sportaktivitéiten, souwéi Aktivitéiten, déi dorop ofzielen, sech mat den Acteure vum kulturellen, politeschen, berufflechen a soziale Liewe vum Land vertraut ze maachen.
Doriwwer eraus spillen d’Eltere vum Kand, onofhängeg vu sengem Alter, eng Schlësselroll bei senger Entwécklung a beim Léieren. Aus dësem Grond kooperéiere Pedagogen, Enseignanten an Hëllefskräften op allen Niveaue respektvoll mat den Elteren. Kuerz gesot, wärend der gesamter Schoulzäit profitéieren d’Schüler dank der Ëffnung géintiwwer der Welt an enger Vilfalt, mat där nëmme wéineg Länner ugi kënnen, vun engem extreem gënschtegen Ëmfeld fir hir Entwécklung.