
© ING Luxembourg
Crowdfunding ass in! Awer opgepasst: Crowdfunding ass en delikaten, stressegen an zäitopwendege Prozess!
Dat virun allem fir déijéineg, déi en déi éischt Kéier an Usproch huele géifen. Eng Campagne sollt gutt virbereet ginn. De Projet däerf net ouni Strategie fräigi ginn!
Als Éischt musst Dir natierlech Är Crowdfundingplattform mat gréisster Suergfalt auswielen. Et gëtt sëlleg Plattformen, awer net all si gläich. Dir musst Iech Zäit huelen, déi ze fannen, déi am beschten zum Ärem Projet passt, hir Reechwäit berücksichtegen (lokal, national, international) an op d’Erfollegstauxe vu Projeten uechten, déi Ärem Projet änlech sinn.
Da musst Dir Äert gesamt Netzwierk motivéiere fir lasszeleeën. Tatsächlech sinn déi éischt Bäitragsbezueler déi Persounen, mat deenen d’Campagneorganisateuren déi enkst Bezéiungen hunn: Famill, Frënn, Kolleegen, Noperen … Duerch d’Notzung vun dësem soziale Kapital séchert Dir Iech eng bestëmmt Zuel Finanzéierungsquellen, well dëst Netzwierk net zécke sollt, e Bäitrag zum Projet ze leeschten. Dës zougeséchert Bäiträg schafen e Klima vum Vertrauen! Tatsächlech weist en héije Finanzéierungstaux, datt d’Leit un Äre Projet gleewen, wat déi onentschlossenst potenziell Bäitragsbezueler berouegt a se méi liicht dovun iwwerzeegt, sech um Projet ze bedeelegen.
Zéckt och net, grouss Pläng ze hunn an Är Campagne a groussem Moossstaf ze presentéieren. Notzt all Mëttel, fir Bäitragsbezueler iwwer déi éischt Kreesser eraus ze erreechen, andeem Dir Är Campagne iwwer sozial Medien a Mondpropaganda deelt a verkaaft. Et ass och interessant, reegelméisseg Bäiträg ze schreiwen an op der Campagnësäit kontinuéierlech Ären aktuelle Fortschrëtt ze aktualiséieren. Zil ass, mediewierksam esouvill Opsins wéi méiglech ëm de Projet ze erreegen, net nëmmen, fir nei Spender ze gewannen, mä och, fir Mënschen, déi schonn dorun deelgeholl hunn, dozou ze beweegen, weider ze spenden. Dat garantéiert esouguer d’Participatioun vu vollkomme Friemen!
Vum Ufank vun der Campagne un ass kloer, datt e puer Membere vum Netzwierk, déi de Campagneorganisateuren méi oder manner nostinn, net deelhuelen. Bleift enthusiastesch a sot Iech, datt Crowdfunding en neit Finanzéierungskonzept ass, dat bestëmmt Persounen heiansdo nëmme schwéier verstinn. Nees anerer fille sech géintiwwer der Crowdfundingplattform onwuel oder hinne feelt d’Vetrauen, e Projet ze finanzéieren, dee se net kennen. Dohier ass et wichteg, d’Ziler vun der Campagne transparent ze vermëttelen, fir all Bäitragsbezueler ze berouegen, ze erneieren, ze mobiliséieren an ze motivéieren!
Den Erfolleg vun enger Crowdfundingcampagne hänkt och vun der Käschteschätzung an dem strikten Anhale vun de Fristen of. De Start vun esou engem Projet erfuerdert verschidden Ausgabe wéi d’Realiséierung vu Kommunikatiounselementer, d’Verbreedung vu Pressmatdeelungen, d’Verwaltung vun der Onlinepresenz, Plattformfraisen, Rechtskäschten, Käschten am Zesummenhang mat der Organisatioun vu Veranstaltungen...
Ausserdeem sollt d’Campagne net ze laang dauere fir ze verhënneren, datt hir d’Loft ausgeet. Ausserdeem sollt se laang genuch daueren, fir eng echt Dynamik ze schafen an esou déi gewënscht Zomm ze sammelen. Ausserdeem muss d’Aféierungsphas mam virgeschloene Produkt oder Service iwwereneestëmmen. Esouvill Froen, déi ee sech gestallt sollt hunn!
Kuerz gesot, Crowdfunding ass net dozou do, einfach Suen ze generéieren! Et handelt sech ëm en echten Usaz vun der Mëttelbeschafung, deen eng richteg Virbereedung a Strategie erfuerdert. A virun allem ass et e Prozess, bei deem ee sech liicht ofschrecke ka loossen. Bleift also motivéiert!