
© ING Luxembourg
Bedréier ginn ëmmer méi raffinéiert a verbessere stänneg hir Techniken.
Wärend Bedréiereien ursprénglech haaptsächlech op Banken an Entreprisen ausgeriicht waren, hu si et elo op Privatpersounen ofgesinn. Wat ass den am wäitste verbreete Bankbedruch zu Lëtzebuerg? Wéi erkennt een en a schützt sech dogéint?
Phishing ass den Déifstall vu perséinlechen Date per E‑Mail oder SMS. De Bedréier schéckt Iech eng Noriicht, andeem e sech als vertrauenswierdeg Entreprise ausgëtt: Bank, Telefonsgesellschaft, Post asw., fir Är Bankdaten ze ergauneren.
Fréier goufe bedréieresch Noriichte séier mat Rechtschreiwungsfeeler an ongeféierer franséischer Sprooch geschriwwen. Haut ass et vill méi schwiereg, se ze erkennen!
Fir Iech ze schützen, sollt Dir bedenken, datt Dir E‑Mailen an SMSen, déi Dir kritt, net vertraue kënnt. Klickt net op verdächteg Linken a gitt nimools Är perséinlech Date weider. Frot Iech ëmmer, ob d’Virgangsweis mat de Gewunnechte vun der anerer Persoun iwwereneestëmmt. Kontaktéiert en am Zweiwelsfall iwwer en aneren Kanal, fir dat ze iwwerpréiwen. Är Bank biet Iech nimools, Är Kontaktdate per E‑Mail oder SMS anzeginn!
Vishing, och „falsche Microsoft-Support“ genannt, besteet doran, Iech telefonesch ze manipuléieren. Dir kritt en Uruff vun enger Persoun, déi sech als Microsoft-Mataarbechter ausgëtt an Iech matdeelt, datt Malware op Ärem Computer entdeckt gouf oder dréngend eng Windows-Aktualiséierung duerchgeféiert muss ginn. Den entspriechenden „Techniker“ ass ganz frëndlech a mécht alles, fir Iech ze hëllefen. Hie biet Iech ëm Är Kooperatioun bei der Installatioun vun enger Applikatioun, déi et him erméiglecht, d’Kontroll iwwer Äre Computer ze iwwerhuelen, fir den (angeebleche) Problem ze léisen a besonnesch fir Är Bankdaten ze kréien an/oder Schuedsoftware ze installéieren.
2021 ware Bedréiereie mat falschem Microsoft-Support zu Lëtzebuerg wäit verbreet. Vishing ergänzt dacks Phishing. E besteet doran, Iech dovun ze iwwerzeegen, datt et an Ärem Interessi ass, Informatiounen um Telefon ze iwwermëttelen oder bestëmmt Handlungen duerchzeféieren. Et ass gutt ze wëssen, datt d’Bedréier Zougang zu professioneller Ausrüstung hunn, déi et hinnen erméiglecht, Telefonsnummere wéi zum Beispill déi vun Ärer Bank virzegaukelen. Dat ass Spoofing. Dir erkennt eng vertrauenswierdeg Nummer a beäntwert Froen, déi Iech gestallt ginn, ouni de Bedruch ze vermudden. Frot bei dëser Aart vun Ufro ëmmer nom Numm vun Ärem Gespréichspartner a rufft en iwwer déi offiziell Telefonszentral vun der Entreprise zeréck.
Eng aner Aart vu Bedruch, déi zu Lëtzebuerg zouhëlt ass de Bedruch mat gefälschte Rechnungen, bei deenen de Bedréier en E‑Mail-Postfach hackt, fir e méiglechen Austausch vu Rechnungen ze erkennen. Wann d’E‑Mail-Adress enger Entreprise gehéiert, fälscht hien eng richteg Rechnung, andeem einfach den IBAN gefälscht gëtt. Den Empfänger mësstraut der E‑Mail net, well hien den Absender kennt an denkt, datt et sech ëm eng rechtméisseg Rechnung vun engem Liwwerant, enger Vakanzreservéierung oder enger Telefonsgesellschaft asw. handelt.
Dës Bedréiereie si schwéier ze erkennen, well d’Technik perfektionéiert gouf: Se fügen esouguer eng Begleetbotschaft bäi, fir d’Ännerung vun de Bankdaten ze rechtfäerdegen. D’Ëmsetzung vun dëser Fälschung ass vu ganz gudder Qualitéit an de Bedruch gëtt eréischt dann opgedeckt, wa sech den eigentlechen Aussteller vun der Rechnung wéinst der feelender Bezuelung mellt.
Déi eenzeg Méiglechkeet, dës Aart vu Bedruch ze verhënneren, besteet doran, ëmmer déi „registréiert Begënschtegt“ fir Ären Onlinebanking ze verwenden. Wann et sech ëm en neie Kontakt handelt, sollt Dir de Reflex hunn, bei der Entreprisë unzeruffen, fir d’Bankverbindung ze bestätegen. Verwent keng Kontaktdaten op der Rechnung oder an der E‑Mail, déi Dir kritt hutt!
Kuerz gesot, och wa sech de Bankbedruch perfektionéiert huet, war et dat nach laang net, awer verschidden Bedruchsforme kënnen allerdéngs vermidde ginn. Et geet dacks duer, déi richteg Reflexer ze hunn: Sieft kritesch, huelt net alles fir boer Mënz an iwwerpréift déi iwwermëttelt Informatioune systematesch. Zéckt beim geréngsten Zweiwel och net, Är Bank ze kontaktéieren! Dës Kéier déi richteg!