
© ING Luxembourg
Dir sidd am Begrëff, Är Entreprise ze grënnen, a frot Iech, wou Dir ufänke sollt an a wéi eng Richtung Dir goe sollt?
Sieft pragmatesch a wielt de richtegen Usaz. Dat erméiglecht Iech et, dëse Start zum Erfolleg zu maachen!
E Businessplang muss kloer a prezis sinn. E muss ausserdeem ëmfaassend an transparent sinn an Är Visioun am beschten duerstellen, andeem e weist, datt Äre Projet zouverlässeg ass.
Presentatioun vum Projet a vun der Ekipp
Logescherweis soll am éischten Deel de Projet virgestallt ginn. Denkt léiwer un „Iwwerriedung“ ewéi u laang Dissertatioun. Hei geet et net dorëm, an den Detail ze goen, e puer Zeile ginn duer. Dir musst besonnesch d’Aart vun Ärem Projet, säin Tätegkeetsberäich, säi Potenzial, seng Bedierfnesser an d’Offer ervirhiewen, déi Dir presentéiere wëllt.
Uschléissend musst Dir d’Ekipp presentéieren, déi sech am Kader vun Ärem Projet bilt. Dëst Element ass op méi Niveaue wichteg. Eng gutt Iddi ze hunn, geet net duer, et ass och noutwenneg, déi richteg Leit zesummenzebréngen, fir se ëmzesetzen!
Eng Maart- a Wettbewerbsstudie duerchféieren
An dëser Phas musst Dir no prezisen Informatiounen iwwer Äre Maart an Är Konkurrente sichen. Vergiesst net, Trenden a Pronosticken esouwéi eventuell de rechtleche Kader fir Är Branche ze erwänen.
Ziler definéieren
Uschléissend musst Dir erklären, wéi e Clientssegment Dir erreeche wëllt: d’détailléiert Profiler vun Äre Clienten, hir Bedierfnesser an hir Motivatiounen, hir Kafkrittären, hir Konsumgewunnechten, hire Standuert, hire Budget … Äert Clientszil muss prezis sinn. Schliisslech ass d’Analys vun Äre Konkurrenten eng wichteg Aufgab, well se d’Chancen opweist, déi Iech zur Verfügung stinn: Déi bei Ären Haaptkonkurrente festgestallt Schwächen erméiglechen Iech et, d’Wettbewerbsvirdeeler ze rechtfäerdegen, op déi Dir Iech stëtzt wëllt.
Positionéierung a Produkt- oder Serviceoffer
D’Positionéierungsaarbecht ass direkt mam viregte Schrëtt verbonnen. Wann et Konkurrenz gëtt, musst Dir no enger anerer Positionéierung sichen. Esou schaaft Dir Är Entreprise Méiwäert. Anerefalls setzt Dir nëmmen eng zousätzlech Offer bei de Maart derbäi. D’Erklärung vun Ärer Positionéierung an d’detailléiert Beschreiwung vun Ärer Produkt- oder Serviceoffer si wichteg Elementer vun Ärem Businessplang.
Ziler, Aktiounsplang an noutwenneg Mëttel
Elo musst Dir déi genee Ziler festleeën, déi Dir erreeche wëllt. Dës Ziler kënne quantitativ oder qualitativ sinn a se musse sech op e vun Iech bestëmmten Zäitraum bezéien.
D’Zil muss moossbar, zäitlech definéiert an erreechbar sinn. Dohier muss en Aktiounsplang ausgeschafft ginn, an deem erkläert gëtt, wéi déi festgeluecht Ziler erreecht kënne ginn, an an deem déi fir déi eenzel virgesi Moossnamen ze mobiliséierend Personal-, finanziell an aner Ressourcë festgeluecht ginn.
Finanzéierung, Lokal an Entscheedunge fir d’Entreprisegrënnung
A Bezuch op d’Finanzéierung musst Dir erklären, wéi eng Ressourcen Dir fir d’Finanzéierung vun Ären Ausgaben an Investitioune mobiliséiert. Ouni genuch finanziell Ressourcë kann Äre Projet d’Liicht vun der Welt net erblécken. D’finanzielle Duerchféierbarkeet gëtt net bestätegt.
Dann ass et ganz wichteg ze erklären, wou Dir Är Tätegkeet ausübe wëllt. Wann Dir schonn e Lokal am A hutt, musst Dir et an Ärem Businessplang virstellen: Standuert, Anzuchsberäich, Eegenschaften a besteeënd Ausstattung, geplangt Aarbechten, Kapazitéit …
Dat ausgewielt Lokal muss mat Ärem Projet an de vun Iech festgeluechten Ziler kompatibel sinn.
Finanzstudie vum Businessplang: Pronostic
Schliisslech enthält de Businessplang een Deel, deen der Finanzstudie vun Ärem Projet gewidmet ass. Zil ass et, eng Comptabilitéitsanalys a Form vu verschiddenen Tabelle virzeschloen: Gewënn- a Verloschtrechnung, Bilan, Cashflowtabelle a Finanzéierungsplang. Dës Studie gëtt normalerweis fir en Zäitraum vun dräi Joer erstallt.
Fir Äre Businessplang erfollegräich ëmzesetzen, ass et wichteg ze bedenken, datt de Businessplang kee fest Dokument ass: E Businessplang muss entspriechend Ärem Geschäftspartner (Bankier, potenziellen Investor, Liwwerant asw.) ugepasst ginn. Et ass dohier noutwenneg, méi Fassunge vun dësem Dokument anzeplangen, an deenen déi relevant Informatioune jee no Empfänger ervirgehuewe ginn.
D’Ëmsetzung ass komplex awer spannend a stellt och déi éischt konkreet Phas vun Ärer Entreprise duer. Dat klappt schonn! Den Asaz lount sech!