
© ING Luxembourg
Dir hutt vun engem Appartement gedreemt? Dir gesitt Iech schonn dra wunnen! Déi lescht Hürd, déi ze huelen ass, ass keng kleng: d’Demande fir e Prêt.
Fir besser Kaarten ze hunn, sinn hei 7 Rotschléi, fir ze verhënneren, datt Iech Ären Dramappartement entgeet. Dir musst zouginn, dat wier wierklech blöd!
Uecht op Ären Eegekapitalbäitrag!
Obwuel et méiglech ass, e Prêt ouni Eegekapital ze kréien, gëtt oft vun de Banken e finanzielle Bäitrag vum Emprunteur gefuerdert. Déi meescht Banke verlaangen, datt d’Eegekapital déi verschidde Käschten deckt (Nottärs- an Dossierskäschten). Den Eegekapitalbäitrag kann zudeem jee no Bank an der allgemenger Qualitéit vum Clientsdossier variéieren. Spuerbuch, Bauspuervertrag, viraussiichtlech Fräigab vu Fongen … Dir kënnt verschidde Finanzquelle kombinéieren, fir den Eegekapitalbäitrag zesummenzekréien, dee vun de Banke verlaangt gëtt. Leet all Är Erspuernesser zesummen!
Vermeit et, en onbestännegt Beruffsliewe gehat ze hunn!
D’Banke fäerten Instabilitéit méi ewéi jee. Onbefrist Aarbechtsverträg an Déngschtalter sinn de Schlëssel zu engem Kredit. Dir musst kënnen eng stabil berufflech Situatioun noweisen. Fir Fräiberuffler an Independanten ass et rotsam zwee oder dräi Joresbilanen virzeleeën.
Vermeit et, eng Grill ze sinn – oder gewiescht ze sinn!
Éier eng Bank decidéiert, e Kredit ze accordéieren, kuckt se sech déi finanziell Situatioun vum Emprunteur genau un. Dir sollt also an den dräi bis sechs Méint virun der Kreditufro vermeiden, Äre Kont ze iwwerzéien a méiglechst Är Verbraucherkreditter vum Typ Revolving-Kredit zeréckbezuelen. Wann dem Emprunteur op dësem Punkt näischt virzewerfen ass, gëtt et fir hie méi einfach, e Kredit ze kréien awer och d’Modalitéite vum Prêt auszehandelen.
Passt op Är Scholdecapacitéit op
Déi Reegel, déi vläicht de Kreditkandidaten am bekanntsten ass, ass d’Reegel vun den „33 %“. De geneeën Taux variéiert vu Bank zu Bank an a Funktioun vun den Dossieren. D’Verscholdung ass zwar e wichtege Punkt, mee d’Reegel vun den „33 %“ ass keng streng Konditioun. De Begrëff „Rescht fir ze liewen“ ass entscheedend fir d’Acceptatioun vum Dossier.
Bereet Ären Dossier gewëssenhaft vir
Wann Dir alles duercherneen oder nëmmen d’Halschecht vun den néidegen Dokumenter aschéckt, Iech an de Paiziedelen iert, riskéiert Dir vis-à-vis vun där Bank, mat där Dir verhandelt, wéineg credibel ze sinn. Wat Dir Är Demande méi grëndlech virbereet, wat Dir éischter eng Äntwert kritt!
Passt op, wat Dir kaaft
Wat den Immobiliemaart vun der Stad oder dem Véierel, wou Dir kaaft méi dynamesch ass, wat d’Chancë méi grouss sinn, datt Dir Ären Objet séier an zu gudde Konditiounen erëm verkaaft. Och wann Dir dat net onbedéngt an dësem Ament bedenkt, ass d’Warscheinlechkeet grouss, datt Är Bank dorop oppasst. D’Bank léint léiwer, wann et warscheinlech ass, datt déi betreffend Immobilie sech am Wäert steigert … mee manner gär, wann Dir onbedéngt wëllt fir vill Suen e klenge, baufällegen, wäit ofgeleeëne Bauerenhaff kafen …
Probéiert, d’Lafzäit vum Prêt ze reduzéieren
Der Bank hire Risiko hëlt mat der Lafzäit vum Prêt, déi si accordéiert, zou. Et kann also virdeelhaft sinn, d’Lafzäit vun engem Prêt maximal méiglech ze reduzéieren. Dat ass zum Beispill méiglech, andeem den Eegekapitalbäitrag erhéicht gëtt oder am Fall vun engem renovatiounsbedierftegen Objet d’Duerchféierung vu verschiddenen Aarbechte verschiibt gëtt.
An elo ass et un Iech!