Vum 26. September bis den 03. Oktober geet den Drive In Cinema um Iechternacher Séi an eng nei Ronn!

Ënnert spezielle Konditioune presentéiert de Ciné Sura eng weider Editioun vum

Drive in Cinema 2.0 um Iechternacher Séi

Mol erëm Loscht op Kinosfeeling? Da kommt vum 26. September un op den Iechternacher Séi & erlieft op der gréisster Leinwand an der Groussregioun insgesamt 8 Filmer bequem an ärem Auto mam Audio direkt aus ärem Autosradio!

Lass geet et all Dag um 19h00 - de Film fänkt no Abroch vun der Däischtert géint 20h15 un!

Kaaft iech elo hei är Tickete fir d'Filmer a Snacks - Iess & Gedrénksstänn ginn et op der Plaz!

Den 28. esou wéi den 30. September ass d'Entrée gratis ënnert der Konditioun dass een e Foodvoucher vu 10€ pro Auto keeft!

Drive in Cinema 2.0 vum 26. September bis den 03. Oktober 2020 zu Iechternach um Séi!

Spillt hei mat a gewannt eng Autosplaz fir e Film au Choix plus 2x Softdrinks, 2x Popcorn an 2x Séisses.

Kaaft Iech hei är Tickete fir:

De Michael vum Cine Sura huet eis am Interview all déi wichteg Infos ginn:

De Michael Battenberg vum Cine Sura am Eldo-Studio / © Eldoradio

Lauschtert hei de Replay vum Interview:

Event Navigator Drive in Cinema 2.0 Interview

Lescht Editiounen: