Dësen Donneschden presentéieren mir iech am Event Navigator d'Ambiance Jardins zu Hesper!

E Samschden 24. Oktober a Sonndeg 25. Oktober herrscht zu Hesper am Park nees eng ganz besonnesch Ambiance, et ass Ambiance Jardins.

Den Organisateur Eric Leyder wär en Donneschden ab 19h00 Live am Studio beim Wulli an huet d'Ambiance Jardins Hesper presentéiert !

Gebuede ginn ënnert anerem:

  • Vente vu Planzen a Gaardendéco
  • Kulinaresch Spezialitéiten
  • Animatioun
  • Gratis Parking
  • iwwer 70 Aussteller

Den Entrée kascht 7 € (gëllt fir déi 2 Deeg) a Kanner ënner 16 Joer si gratis.

E Samschden geet et vun 14h00 bis 22h00 an e Sonndeg vun 10h00 bis 18h00. D'Hygiène-Moossnahmen ginn natirlech all ugewannt, vergiesst äre Mask net!

Den Eric Leyder vun der Organisatioun / © Eldoradio

Replay vun den Interviews:

Interview 1:
Interview 2:

Video-Replay vum Interview:

Fotoen aus der Sendung: