Sou e Projet huet Lëtzebuerg nach net gesinn...

Duerch déi ganz COVID-19 Situatioun, ass virun allem d'Nuetsliewen/Eventbranche ganz staark betraff, respektiv zum Stëllstand komm. Dofir wollte mir eppes bidden, wat et hei zu Lëtzebuerg an där Form nach ni ginn ass.

WazToo presents „I Wanna Dance“

No méintelaanger Aarbecht si mir ganz houfreg Iech de Projet „I Wanna Dance“ kënne virzestellen! Déi gréisste virtuell Show zu Lëtzebuerg, bei där mir de Leit Festival-Feeling heem bréngen. Wärend enger gudder Stonn suerge mir dofir, datt een an dëser Zäit einfach mol rëm ofschalten, op aner Gedanke kommen an dee stressegen Alldag vergiesse kann.

Fir eis Show hu mir och e puer Partner mat an d'Boot geholl, wéi zum Beispill den e-Lake Festival oder den Open-Air Housen, déi dëst Joer leider och ausgefall sinn. Domat wëlle mir hinnen, genee esou wéi och aneren Organisatiounen eppes zeréckginn, fir déi jorelaang Ënnerstëtzung an Zesummenaarbecht.

Des Weidere kënnen d'Leit un enger Spendenaktioun deelhuelen, fir déi Leit ze ënnerstëtzen déi villäicht nach méi haart vun der Kris betraff sinn.

Dat Ganzt ass an der Rockhal entstanen, mat der Ënnerstëtzung vum Rocklab a geet den 30.10.20 online.

RTL

De WazToo vum Projet I wanna dance / © Eldoradio

Interview:
" frameborder="0" allow="accelerometer; autoplay; encrypted-media; gyroscope; picture-in-picture" allowfullscreen>