Den DJ Bisi wär den Donneschden 10. Dezember live am Studio beim Wulli fir eis Rubrik DJ Corner...

De Bisi ass een 28 Joer jonken Lëtzebuerger DJ deen sech an den leschte Joren international een Numm gemaach huet.

Nieft europäeschen Metropolen, wei Berlin, Lissabon a Barcelona, huet hien ënnert anerem och zu zu New York, Tokyo, oder Bangkok gespillt. Sou zielt hien bis dato, am ganzen iwwer 50 Stied an 21 Länner, deenen hien konnt säi Stempel opdrécken. Mais och hei an der Géigend, huet hien mam M Club an der Staat an Flamingo Royal zu Köln, 2 Clubs wou hien reegelméisseg am Asaz ass.

Bei de Luxembourg Nightlife Awards gouf hien zum beschten Hip Hop DJ 2019 gewielt. Zousätzlech ass hien en internationalen DJ City, Luc Belaire, Jägermeister an NoCutzNoGlory Vertrieder.

Lauschtert alles nach emol am Replay no.

De DJ Bisi / © Eldoradio

Replay vum Interview:

Interview 1:

Video-Replay vum Interview:

" frameborder="0" allow="accelerometer; autoplay; encrypted-media; gyroscope; picture-in-picture" allowfullscreen>

Fotoen aus der Sendung:

Kuckt hei e Video vum Bisi séngem Mix am Studio:
https://www.facebook.com/eldo.eventnavigator/videos/751613899079333/

© Eldoradio