
© DJ-AL.COM
Den Donneschden 28. Januar wär keen aner wéi den DJ AL bei Wulli am Studio!
Den DJ AL ass wuel ee vun de bekanntste Lëtzebuerger Party DJ & Entertainer. Hien ass op kengem groussen Event a Bal méi wech ze denken a weess ëmmer nees op en Neits mat Stëmmung puer ze begeeschteren, sief et op den Oktoberfester, grouss Après-Skien, op der Fouer, um Veiner Nössmoort, op der Päischtcroisière vum Norden bis Süden, an Osten bis Westen. Säin Musek-Style bezeechent hie ganz einfach als - Party -, d'Leit sollen sech zesumme mat him ameséieren, a kréien duerfir vun House iwwer Rock bis Malle alles an d'Ouer gedréckt wou se Loscht drop hunn !
Matt DEM Fues- a Party-Hit ‘Hei ass der Däiwel lass’, a ville aneren eegene Produktioune wéi zb 'Fofzéng Punkten', ‘Halli-Galli Ramba-Zamba’, ‘Schenk mir däin Häerz’, ‘Gudd Drop’, ‘Ole Ole Ola’ bréngt hien d’Danzpist un d’Kachen. Matt senger mega Ouerwuerm-Produktioun ‘Sou geet Lëtzebuerg’ huet hien sech definitiv säi Spëtznumm ‘DJ NATIONAL’ méi wéi verdéngt an 'out' sech reegelméisseg als 'Deel vu sengem Publikum' ! - We are Family- dat ass säi Motto an d'Basis vu sengem Erfolleg.

Den DJ AL um Eldo / © Eldoradio
Replay vum Interview:
Video-Replay vum Interview:
Interview:
Fotoen aus der Sendung: