Dëse Samschden gëtt et e neie Rendez-Vous fir UnitedAtHome

Dëse Samschden gëtt et e neie Rendezvous fir UnitedAtHome

"bleif doheem" ass de Motto wärend der Pandemie weltwäit, an dat ass fir den StarDJ David Guetta Grond genuch, fir e riesen fundraising Livestream ze organiséieren.

No New York, Miami a Paräis geet et elo an eng 4. Ronn, an zwar zu Dubai um Burj al Arab Hotel, dëse Samschden ab 15h00 Lëtzebuerger Zäit.

Eng Helikopter Plattform, déi oft a Verbindung mat den Emiraten duergestallt gëtt, sou gouf do zB och schonn Tennis gespillt an sportlech Rekorder opgestallt.

D'Infos zu dësem Konzept kritt dir en Donneschden ab 19h00 am Event Navigator beim Wulli.