Mam Festival "On Stéitsch" gëtt de Service national de la Jeunesse (Snj) jonke Leit d'Méiglechkeet, sech op enger Bün ze weisen an ze beweisen.

Lauschtert hei de Reportage

Den 18. September ass an de Rotonden zu Bouneweg di 14. Editioun vum Festival "On Stéitsch". Jonk Artisten tëscht 12 an 30 vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun kréien hei d‘Méiglechkeet, hiert Talent ze weisen. Alles wat an de Kulturberäich fält, kann een um "On Stéitsch" Festival presentéieren- vu Musek an Danz iwwer Expoen an Poetry Slam.

Wéi genee d’Editioun 2021 wäert oflafen, kann een haut nach net soen. Geplangt ass awer, dass de Festival esou soll funktionéieren wéi 2020, d.h. dobausse, mat Sëtzplazen a mat Sécherheetspersonal wat d'Zuschauer op d'Mesuren hiweist.

Fir d’Editioun 2021 kann ee sech elo umellen- iwwert den Internetsite www.onstéitsch.lu. Et ass keng Kompetitioun, d.h. et gëtt probéiert fir jiddereen eng Plaz ze fannen. Dofir gëtt et och zwou Bünen.

Verschidde bekannte Lëtzebuerger Artisten hunn hir Carrière iwwerdeems hei ugefaangen -dorënner de Rapper Maz an Rockband Drife.