En Donneschden Owend war d'Amii Watson op Besuch am Event Navigator....

...an huet exklusiv seng ganz nei Debut-Single "Higher" presentéiert.

D'Amii huet nieft sengem Studium eng gutt Zäit laang beim Eldo geschafft an huet sech an deene leschte Joren och eng Karriär als DJane opgebaut. Elo huet hatt seng alleréischten eege Single "Higher" erausbruecht, op där iwweregens och eng éischte Kéier seng Stëmm ze héieren ass.
D'Lidd gouf vun "Toolroom Records", deem zweetgréisste Musek-Label aus dem House-Beräich, released.

An dëse schwéieren Zäite soll "Higher" positiv Energie ënnert d'Leit bréngen a Kraaft ginn. De Song ass en Appell, datt ee seng Passioun a säi Feier net verléiere soll. Och wa mir déi Saachen déi mir gäre maachen grad net richteg oder aneschters ausliewe kënnen, soll een dru festhalen.

Replay vum Interview:

Lauschtert hei de ganzen Interview mam Amii!

Video-Replay vum Interview:

Fotoen aus der Sendung:

D'Amii Watson op Spotify: