En Donneschden Owend gouf et am Event Navigator nostalgesch!

D'2000er waren eng spannend Zäit. Musikalesch hat een d'90er an domat och den Trash gréisstendeels hannert sech gelooss, trotzdeem sinn nach ëmmer vill qualitativ manner cool Songs erauskomm. An den 2000er sinn awer och ganz vill Hits a Stars erauskomm, et war dat Joerzéngt an deem den Hip-Hop international populär gouf an Acts ewéi Lady Gaga, The Black Eyed Peas oder Shakira grouss erauskomm sinn.

En Donneschden Owend hunn den DJ AL an de Chris am Event Navigator déi gréisste Songs aus den 2000er presentéiert an iech an d'Zäit vun MSN a Klapphandys zeréckversat.

Lauschtert hei dem DJ AL säi ganze Set am Replay!